Social Icons

"Papelaria e Livraria" in Faro (P)


An der "Rua Ferreira Neto" befënnt sech eng weider Libraire. Vu baussen gesäit een direkt, dat et sech em eng Papeterie handelt, mat all den Schoulartikelen an der Fënster.
Vu wäitem gesäit een an där Strooss schonn d'Stänn mat den Postkaarten stoen. Ech sinn kuerz bis era kucke gaange, mee d'Verkeefer hu net ganz frëndlech dragekuckt, wéi ech mam Fotoapparat dobannen opgedaucht sinn. Dunn hunn ech direkt d'Kéier gemaach, sinn erausgaangen a sinn mäi Wee weidergetrëppelt. Ech kann iech dofir och leider net soen, wat fir eng Bicher sech an dësem Buttek befannen. Op een nëmmen portugiesesch Bicher do ze kafe kritt oder och Bicher an aneren Sproochen.
Ech hunn hier Facebooksäit fonnt, mee och do fannen ech näischt iwwer Romaner, déi si verkafen.


In the "Rua Ferreira Neto" is another bookshop. From the outside, you can see that it is a stationery, with a lot of school articles in the shop window. From far away you can already see the stands with the postcards on the street. I went in, but the shop assistants didn't look friendly to me when I entered with my camera. So I turned back outside the shop and continued my walk. So I can't tell you, what kind of books are inside. If there are only books in Portuguese or if you can buy books in other languages.
I found their Facebook page , but I couldn't find out what kind of romans they have.

No Comments Yet, Leave Yours!