Social Icons

"Lies & Iess"


"Lies & Iess" ass eng Sandwicherie an der Stad, wou een och aner Saachen, ewéi Papeterie, Séissegkeeten, Gedrénks, ... kafe kann. Des Sandwicherie befënnt sech vis-à-vis vum Campus Geesseknäppchen.
Wéi ech dohinner war, hunn ech de Chef virfonnt. Ech hu gefrot, op ech dierft iwwer säi Buttek beriichten a Fotoen dovunner maachen. Dat war kee Problem fir den Här, a niewelaanscht huet hie mir och frëndlecherweis Saachen vu "Lies & Iess" erzielt: De Buttek gëtt et an der Zwëschenzäit scho säit 8 Joer. Virun annerhallwem Joer huet hien een zweete Buttek, net wäit ewech vun dësem, opgemaach. Am Ufank goufen et och e puer Bicher ze kafen, mee well där net vill kaf gi sinn, huet hien d'Bicher ewech gelooss a méi Zäitschrëften amplaz geholl. Déi meescht Clienten sinn d'Studenten, déi aus dem Lycée vu vis-à-vis kommen.  An der Mëttesstonn ass de meeschten Betrib.
Hei konnt ech mer kee Buch kafen, dofir hunn ech mer e Gedrénks fir ënnerwee matgeholl.


"Lies & Iess" (Read and Eat) is a sandwich store in Luxembourg city, where you also can buy other things, like stationery, sweets, drinks, ... This store is near the campus "Geesseknäppchen".
As I went there, the owner himself was in the shop. I asked him if I could write about his shop and take pictures. That was no problem and the mister told me some things about "Lies & Iess": This shop exists about 8 years. One year and a half ago, he opened a second store, not far away from the first one. In the beginning, he sold books. But people didn't buy them, so he stopped selling books and sold magazines instead. The most customers are students, which come from the secondary school. The rush hour is on the lunch break.
As I couldn't buy any book here, I took a drink to go.



No Comments Yet, Leave Yours!