Social Icons

"k kiosk" an der Belle Etoile


An der Belle Etoile zu Bartreng ass een "k kiosk". Ech war d'läscht Woch dohinner wéinst den "Journées du Livre et du Droit d'Auteur", an dunn hunn ech vun der Geleeënheet profitéiert fir bis an den "k kiosk" ze goen.
Vu wäitem gesäit ee schonn de beliichten Logo vum Buttek. Si hunn eng grouss Vitrinne, wou e puer Bicher an Zäitschrëften ausgestallt sinn. Wann een erakënnt, huet een lénkerhand hier kleng Librairie, mat Bicher op däitsch, franséisch an englesch.  Riichtaus befënnt sech d'Keess mat Séissegkeeten, Tubak a Gedrénks, a wann een vun do aus riets geet, kënnt een an den Deel vun der Papeterie, wou et eng grouss Auswiel vun deenen neisten Zäitschrëften gëtt.
Hei hunn ech mer d'Buch "Helenas Geheimnis" vum Lucinda Riley kaf. Et gëtt eng Internetsäit vum "k kiosk". An et gëtt och eng Facebooksäit vun dësem Kiosk.


In the shopping mall "Belle Etoile" is the"k kiosk". As I went to this shopping mall last week, because of the "Days of the book and the author's right", I took some time to visit the "k kiosk".
From the distance, you can already see the lightning logo from the shop. In the big shop-window, they have displayed some books and magazines. When you enter the shop, you have the little bookshop on your left. There are books in german, french and english. When you go straight away, you have the cashpoint with the sweets, tobacco and drinks. And if you make a right turn from the cashpoint, you have the stationery, where you have a great choice of recent magazines.
Here I bought the book "Helenas Geheimnis" by Lucinda Riley. You'll find an Internet site from the "k kiosk". And there also is a Facebook page from this kiosk.


No Comments Yet, Leave Yours!