Social Icons

Summerdag vun der Literatur


Dësen Sonnden, 10. Juli 2016, war deen 2. "Summerdag vun der Literatur" am Centre national de littérature (CNL) zu Miersch. Et war e gefëllten Programm, deen vun 11:00 bis 16:00 Auer gaangen ass. Et stoungen 7 Liesungen vun jeeweils 20 Minutten vun lëtzebuergeschen Auteuren um Programm mat engem ofschléissenden Gespréich vun 10 Minutten.
Wann een an den Haff vum CNL ukomm ass, huet een do schonn den Foodtruck "The Karavan" gesinn halen, deen fir Iessen an Gedrénks gesuergt huet. Nieft dem Haaptgebai war eent Zelt opgeriicht, an deem Still an d'Pult fir d'Liesung opgestallt waren. Um Wee fir bei dat Zelt huet een verschidden Verser konnten liesen, déi um Buedem geschriwwe stoungen.
Wann een nieft dem Zelt stoung, wat sech rietserhand befonnt huet, hat een d'Cafeteria lénkerhand an viru sech een Park, wou direkt vir e risegen Bam stoung.  Ënnert deem Bam waren Dëscher opgestallt an do goufen Bicher vun der Librairie Ernster verkaf. Déi Bicher, déi virgelies gi sinn, waren natierlech do ze kafen, awer och verschidden anerer.
Am Gebai selwer gouf et och nach eng Ausstellung iwwer d'Entstoen vun engem Buch. Déi Ausstellung konnt een während dem ganzen Dag kucke goen.
Ech hunn d'Atmosphär während den Liesungen ganz angenehm empfonnt an d'Zäit war och séier eriwwer. Et war gutt organiséiert: tëscht de Liesungen waren ëmmer 10 Minutten Paus, fir dat d'Leit entweder sech dat jeeweilegt Buch kafen konnten oder eppes z'iessen oder ze drénken sichen konnten goen.
Eng frëndlech Mataarbechterin huet mir zum Schluss nach Informatiounen zum CNL an verschidden Ausstellungen ginn. Ech ginn ganz sécher nach eng Kéier dohinner zeréck, wann eng weider  Virliesung oder soss eng Aktivitéit do gehale gëtt.


This Sunday, the 10th of July 2016, there was the 2nd "Summerday of the literature" in the "Centre national de littérature" in Mersch. They had a fullfilled program, that went from 11am to 4pm. There were 7 readings from approximately 20 minutes from luxembourgish authors with a closing talk of 10 minutes.
By entering the curt of the CNL, you could see a food truck named "The Karavan", that fended for the food and the drinks. Nearby the main building, there was a tent in which they had arranged some chairs and a lectern for the readings. On the way to the tent, you could read different lines that were written on the ground.
When you stood near the tent, on your right, you had a cafeteria on your left and a park in front of you, where a big tree stood in the entry. Under this tree was a stand from the "Librairie Ernster", where you could buy the books from the readings and some others as well.
In the building itself was an exhibition about the formation of a book. This exhibition was opened during the whole day.
I felt the atmosphere during the readings very comfortable and time passed by quickly. This day was very good organised: after all reading and talk, there were 10 minutes left so that people could go buy books or take something to eat or drink.
A friendly staff member gave me some information about the CNL and different exhibitions at the end of the day. I'll surely go back as soon as they have a new reading or another activity on this place.





No Comments Yet, Leave Yours!