Social Icons

"Livrarias Europa - America" in Faro (P)


An der Foussgängerzon zu Faro, wou de Kiosk och steet, ass dësen Bicherbuttek ze fannen. Leider hat deen zu där Auerzäit zou, wou ech do war, an ech konnt net era kucke goen.

"Quiosque Farense" in Faro (P)



Zu Faro an der Foussgängerzon, méi genee an der "Praça Ferreira de Almeida", stoung e Kiosk.

"club" Airport Charleroi


Zu Charleroi (B) um Fluchhafen hunn ech nom Check-in een "Club" entdeckt. Natierlech hunn ech direkt missen kucke goen an Fotoen maachen.

"k kiosk" am Cactus Angelduerf


Och am Cactus zu Angelduerf befënnt sech e "k kiosk". Wann een duerch d'Haaptentrée geet, fënnt een dësen Buttek direkt op der rietser Säit.

"Lies & Iess"


"Lies & Iess" ass eng Sandwicherie an der Stad, wou een och aner Saachen, ewéi Papeterie, Séissegkeeten, Gedrénks, ... kafe kann. Des Sandwicherie befënnt sech vis-à-vis vum Campus Geesseknäppchen.