Social Icons

Biblioteket Nordnorge Hurtigruten



Ech hunn um Schëff "Nordnorge" net direkt no der Bibliothéik gesicht, mee se éischter duerch Zoufall fonnt.

Bicherchaîne Narvesen (NW)


Flughafen/Airport Bergen
Narvesen ass eng Bicherchaîne a Norwegen. Op menger Croisière läschte Summer hunn ech där e puer entdeckt.
Den éischten hunn ech um Fluchhafen zu Bergen gesinn.

Standaard Boekhandel Oostende


Bei mengem Ausfluch op Ostende sinn ech op mäin zweeten "Standaard Boekhandel" getraff. Op den éischte Bléck gesäit deen vill méi grouss aus wéi deen zu Bruges mat sengen groussen Fënsteren, déi bannen bis op den éischten Stack mat ginn.

Standaard Boekhandel Brugge


Mäin drëtten Bicherbuttek hunn ech nach zu Bruges fonnt, an zwar den "Standaard Boekhandel". Well ech esou een Buttek och méi spéit zu Ostende entdeckt hunn, hunn ech mer geduecht, datt et sech dobäi ëm eng Bicherchaîne handelt.

Boekhandel "De Reyghere"


E weidere Bicherbuttek zu Bruges ass den "De Reyghere", deen een op der Maartplaz fënnt. Wann een duerch d'Entrée geet, kënnt een an ee längelzege Raum, direkt op een Dësch zou, wou ee lauter Bicher a Kaarten iwwer Bruges fënnt.