Social Icons

Boekhandel "De Reyghere"


E weidere Bicherbuttek zu Bruges ass den "De Reyghere", deen een op der Maartplaz fënnt. Wann een duerch d'Entrée geet, kënnt een an ee längelzege Raum, direkt op een Dësch zou, wou ee lauter Bicher a Kaarten iwwer Bruges fënnt.

Lénker Hand befënnt sech d'Keess, a wann een da weider geet, fënnt ee lauter Regaler gefëllt mat Bicher op englesch geschriwwen an nach aner Sproochen, sou wéi Zäitschrëften. Et muss een dobäi oppassen, datt ee während dem Stöberen net iwwer d'Träppleke fält, well am Sall ginn et zwee Niveauen. Wann een dann em den Eck geet, befënnt sech do eng Entrée fir an een zweete Raum, deen als Kannereck ageriicht gouf. Nieft där Dier fënnt ee Bicher op franséisch geschriwwen. Wann een dann op der anerer Säit vum éischte Raum ass, fënnt een do Täschebicher sou wéi Kaarte mat Spréch. An der Mëtt vum Raum fënnt een och nach Stännere mat verschiddene Kalenneren.
Wann een an den zweete Raum geet, fënnt een Akafsposche mat Spréch aus Stoff, déi un der Wand hänken. Am Kannereck ass hannen am hënneschten Deel e Kamäin an et fënnt een eng rout Fautelen dobannen, op deen ee sech sëtzen kann, wann e sech a Rou e Buch ukucke wëll.
Nieft der Librairie gëtt et och nach een extra Buttek nëmme fir Reesbicher.
Hei ass hier Internetsäit.


Another bookshop in Bruges is the "De Rayghere", which you can find on the market place. When you enter the room, you come in an elongate room, straight on a table, where you can find maps and books from Bruges. On the left is located the cashpoint, and when you go on, you can find shelves wiht books in english and other languages, as well as magazines. You have to pay attention not to fall over the steps, because the room has two levels. When you turn around the corner, you see an entry to another room, which is arranged to a children's corner. Near this entry, there are books in french. When you go to the other side from the first room, you can find pocketbooks and cards with slogans. In the middle of the room are stands with different calendars.
When you enter the second room, you have shopping bags with slogans in tissue hanging on the wall. At the very back position from the children's corner is a chimney, and you can also find a red armchair in it, where you can sit down and take your time to look at a book.
Near this bookshop is a special shop, where you can only buy travel guides.
Here is their internet site.




No Comments Yet, Leave Yours!