Social Icons

Bicherchaîne Ark Beyer (NW)

Bergen


Meng Croisière an den Norwegesche Fjorden huet zu Bergen ugefaangen. Op mengem Wee duerch Bergen hunn ech dëse Bicherbuttek entdeckt. Spéiderhin hunn ech erausfonnt, datt et sech em eng norwegesch Bicherchaîne handelt.
Dëser Bicherchaîne sinn ech dunn während menger Croisière e puermol begéint.
Ech hunn doheem no der Geschicht vun dëser Bicherchaîne gesicht, awer leider ouni vill Erfolleg. Ech hu just eng norwegesch Wikipedia-Säit fonnt, mee wéinst der Sprooch ass et mer schwéiergefall erauszefannen, wat alles do erkläert gëtt. Wat ech verstaan hunn, ass, datt des Bicherchaîne 1978 seng Dieren opgemaach huet. Mëttlerweil ginn et 113 Butteker vun "Ark Beyer" a Norwegen an 2016 haten se iwwer 1000 Mataarbechter. Dat war et da leider och schonn.
Hei ass hir Internetsäit souwéi hir Säit op Facebook, alles op norwegesch. Op hirer Internetsäit kann een d'Bicher och online bestellen, mat de Präisser an norwegesche Krounen. Op Facebook ass allerdéngs am Abrëll 2015 de leschte Post gemaach ginn.


I made a cruise last year in September to the Norwegian fjords, which started in Bergen. On my way through Bergen, I saw this bookshop. Later on, I found out that it is a book chain. And I saw some of these shops during my cruise.
I tried to find out the history of this book chain at home, but unfortunately, I didn't really. I only found a wikipedia page written in Norwegian  and because of the language barrier, It was hard for me to understand the explanation. What I understood, is, that this shop opened his doors in 1978. Meanwhile, there are 113 shops of "Ark Beyer" in Norway and there were more than over 1000 staff members in 2016. That was all I've found.
Here is their page on Internet, as well as on Facebook, written in Norwegian. You can order books on the Internet site, with the prices in Norwegian crowns. However, they did the last post on Facebook in April 2015.

Trondheim


Bodo



Broennoeysund

No Comments Yet, Leave Yours!