Social Icons

Brugse Boekhandel "De Meester"


Wéi ech d'läscht Joer Enn Juli e puer Deeg zu Bruges verbruecht hunn, hunn ech dës Librairie entdeckt. Si befënnt sech op enger Kräizung, wou een se vun enger Bréck aus gesäit.

D'Vitrinn huet ee schonn ageluede fir sech eppes ze kafen. Mir huet dat Bild och gutt gefall, datt e Vëlo virun der Entrée stoung, wéi ech d'Foto gemaach hunn.
Wann een dann erageet, ass een an engem grousse Raum, wou sech an der Mëtt d'Keess befënnt. Lénks befannen sech d'Literaturbicher, esou wéi zum Schluss vum Raum e puer Kaarte mat Spréch. Wann een dann no riets geet, fënnt een do verschidden Artikelen, wéi Poschen, Notizbicher, Schachtelen, ..., déi sech um oder iwwer engem Dësch befannen. Do hannendru fënnt een den Eck vun de Kannerbicher, a weidere Kaarte mat Spréch.
Nieft der Keess ginn Trapen erof. Ënnerwee fënnt een e puer Spiller fir Kanner. Ënnen ukomm, gesäit een direkt Reesbicher a Landkaarten, déi déi ganz lénks Säit vum Raum fëllen. Deswéideren fënnt een do och Bicher iwwer Fräizäit, wéi zum Beispill Kachen, Drénken, Natur, ..., Fantasie-Bicher a Bicher, déi op franséisch geschriwwe sinn. 
Hei hunn ech mer d'Buch "The little shop of happy ever after" vum Jenny Colgan kaf. Dat Buch hunn ech uewen nieft der Keess an engem Regal entdeckt.
Hei ass d'Internetsäit vun dëser Librairie, déi een op englesch, franséisch an hollännesch liese kann.


As I went to Bruges last year at the end of July, I discovered this bookshop. It is located near a crossroads, where it is visible from a bridge. The showcase already invites you to buy something. I like the picture which shows a bicycle in front of the shop.
When you enter the bookshop, you are in a big room, where the cashpoint is in the middle of it. On the left, the literature books and some cards with sayings are at the end of this side. Going to the ride, you discover a table, on which you can find bags, notebooks, boxes, ... on or over it. Behind this table, you can see the corner for the children's book and other cards with sayings.
Near the cashpoint are stairs, which go down to another room. In this room, you first see guidebooks and maps on the whole left side from the room. Furthermore you can find books about leisure time like drinking, cooking, nature, ..., fantasy books and books written in french.
I bought the book "The little shop of happy ever after" by Jenny Colgan. I found it on a shelf near the cashpoint.
Here is the Internet site of this shop, that you can read in english, french and dutch.



No Comments Yet, Leave Yours!