Social Icons

Buchhandlung M. Jacobi's Nachfolger in Aachen

Den Samschden 12. Dezember 2015 sinn ech mat mengem Mann op de Chrëschtmäert op Oochen gefuer. Well et awer nach virun 11 Auer war an dofir d'Buden nach zou, si mir nach bëssen ronderëmspazéiert an sinn op d'Buchhandlung M. Jacobi's Nachfolger gestouss.

Buchhandlung Stephanus in Trier

Zu Tréier ginn et verschidde Libairien, dorënner d'Buchhandlung Stephanus. 
Den Dag wou ech do war, huet et gereent. Et stongen Dëscher mat Bicher virun der Dier. Fir dat näischt dru géif kommen, waren Baatschen doriwwer geluecht ginn. Sou konnt een, trotz dem Reen, d'Bicher gesinn.

Librairie Ernster an der Belle Etoile

Ech hu mer d'Librairie Ernster zu Bartreng an der Belle Etoile erausgesicht, well ech am Internet gelies hunn, dat do e Café géif dozou gehéieren.
D'Librairie befënnt sech um éischten Stack an ass an zwee Deeler agedeelt:

Wantergeschichten an der Bibliothéik Eschduerf


Den Donneschden 10. Dezember 2015 sinn ech fir 19 Auer op Eschduerf (L) gefuer, fir mir an der Bibliothéik d'Wantergeschichten ulauschteren ze goen. Ech hat op facebook iwwer deen Virliesowend gelies.
Wéi ech do ukomm sinn, gouf ech léif vun der Inhaberin begréisst an hunn dierfen mat nolauschteren, obwuel d'Wantergeschichten fir Kanner vu 4 bis 8 Joer geduecht waren.
Deen hënneschten Deel vun der klenger, gemittlecher Bibliothéik war mat Léift dekoréiert:

Moien an wëllkomm


Moien,
Ech sinn d'Lucie, a mat dësem Post fänkt mäint neit Liewen als Bloggerin un.
Ech hu vu Kand un ëmmer gär Bicher gelies a sinn nach ëmmer gär a Bichergeschäfter gaang. Fir mech ass dat eng Aart Schatzkëscht, wou et vill Schätz z'entdecken gëtt.
Ech wär frou, wann dir mat deel huelt u menge Reesen an d'Bicherwelten a mir dobäi hëlleft, méi Reesen ze plangen.
Op verschidde Plazen wäert ech mer dann och en neien Schatz zouleeën. Dir wäert an Zukunft um Kaf vu menge Bicher gesinn, wat ech am léifste liesen.
Mech interesséiert awer och, wou dir är Schätz gär kafe gitt a wat fir eng Plazen een als Bicherfrënd muss gesinn hunn. Dofir géif ech mech op Kommentaren an Iddien vun iech freeën. Dir fannt mech op Facebook oder dir kënnt mir awer och gär E-Maile schreiwen.
Op vill schéi gemeinsam (Bicher-)Entdeckungen!

Léif Gréiss,
Lucie



Hi there,
I'm Lucie, and my life as a blogger begins right now.
As a child, I've always loved to read books and to go visit bookshops. For me, a bookshop is like a treasure chest, where a lot of treasures can be discovered.
I would be happy to have you with me on my journeys in the world of books. And I would appreciate you helping me finding new book places to travel.
I'll find my treasures in different places and based on the choice of books I buy, you will learn about my reading preferences.
But I also want to know your favorite places to buy books or which places a book lover has to see. I am happy about all comments and ideas. You can join me on facebook or write me a mail.
I hope we will have plenty of book discoveries together!

Booklove,
Lucie