Social Icons

Buchhandlung Stephanus in Trier

Zu Tréier ginn et verschidde Libairien, dorënner d'Buchhandlung Stephanus. 
Den Dag wou ech do war, huet et gereent. Et stongen Dëscher mat Bicher virun der Dier. Fir dat näischt dru géif kommen, waren Baatschen doriwwer geluecht ginn. Sou konnt een, trotz dem Reen, d'Bicher gesinn.
Dest Geschäft verdeelt sech am Ganzen op zwee Stäck. D'Keess befënnt sech an der Mëtt am Rez-de-Chaussée, wou et ënner aanerem am hënneschten Deel een Geschenkeneck gëtt.
Um éischten Stack befënnt sech e Comptoir wou een Commanden per Telefon oder op der Plaz maache kann. Op deem Stack fënnt een och Bicher iwwer Reesen, Kachen, Reliounen, ... awer och Elefantenfiguren a verschiddenen Gréissten an Fäerwen. Rieseg Kalenneren iwwer d'Natur oder Déieren hänken um Gelänner, wann een d'Trapen erop geet.
An dëser Librairie hunn ech mer d'Buch "Neuland" vum Ildikò von Kürthy kaf, awer och eng léif gréng Bichertäsch wou eng Eil drop gezeechent ass. Donieft steet "Lesenswert".
Des Librairie ass eng vun der Stephanus Chaîne an Däitschland. Op dëser Internetsäit an op Facebook fannt dir méi Informatiounen doriwwer.


Among other libraries in Treves, there is the "Stephanus".
It was a rainy day, when I went there. Outside, tables were arranged with books. To keep them dry, they protected them with a giant, clear plastic cover. So the books were visible, even in the rain.
This library is, all in all, two floors filled with books. The checkout area is located in the middle of the ground floor. There is also a corner, where you can buy different presents.
On the first floor there is a counter, where you can place your book orders, by phone or instantly. On this floor you can also find books about traveling, cooking, religions, ... but also figures of elephants in different sizes and colours. Giant calendars are hanging on the balustrade, when you go upstairs.
In this library, I bought the book "Neuland" from Ildikò von Kürthy, but also a neat green bag with an owl on it, to carry a book around. The bag says "Lesenswert" (worth reading) on the front.
This library is one of the Stephanus chain in Germany. On this site and on Facebook, you get more information about it.



No Comments Yet, Leave Yours!