Social Icons

Buchhandlung M. Jacobi's Nachfolger in Aachen

Den Samschden 12. Dezember 2015 sinn ech mat mengem Mann op de Chrëschtmäert op Oochen gefuer. Well et awer nach virun 11 Auer war an dofir d'Buden nach zou, si mir nach bëssen ronderëmspazéiert an sinn op d'Buchhandlung M. Jacobi's Nachfolger gestouss.
Déi befënnt sech an der Büchelstraße 12. Et handelt sech em eng léif kleng Librairie. Bei Nofro sinn d'Leit ganz frëndlech an hëllefsbereet. Et kritt een net nëmmen däitsch, mee och englesch, franséisch, italienesch sou wéi spuenesch Literatur. Et fënnt een dës Libraire am Internet ënnert jacobibuch.de.
Do hunn ech mer dat Buch "Die letzten Tage von Rabbit Hayes" vum Anna McPartlin kaf. Glécklech doriwwer e neien Schatz fonnt ze hunn, konnt ech dunn a Rou mat mengem Mann iwwert den Chrëschtmäert trëppelen.


On Saturday December 12th 2015, I've been on the christmas market in Aachen with my husband. We were there before 11 am and the stands were not open yet. So we went for a walk through the streets and discovered the bookshop M. Jacobi's Nachfolger (successors of M. Jacobi).
This bookshop is located in the street Büchel 12. It is a nice, little shop. The staff is very friendly and helpful. You can buy german, but also english, french, italian and spanish literature. You can find informations about this library on Internet.
In this library, I bought the book "Die letzten Tage von Rabbit Hayes" from Anna McPartlin. Happy about finding a new treasure, I took my walk through the christmas market with my husband.



No Comments Yet, Leave Yours!