Social Icons

Wantergeschichten an der Bibliothéik Eschduerf


Den Donneschden 10. Dezember 2015 sinn ech fir 19 Auer op Eschduerf (L) gefuer, fir mir an der Bibliothéik d'Wantergeschichten ulauschteren ze goen. Ech hat op facebook iwwer deen Virliesowend gelies.
Wéi ech do ukomm sinn, gouf ech léif vun der Inhaberin begréisst an hunn dierfen mat nolauschteren, obwuel d'Wantergeschichten fir Kanner vu 4 bis 8 Joer geduecht waren.
Deen hënneschten Deel vun der klenger, gemittlecher Bibliothéik war mat Léift dekoréiert:
Eng Schnéilandschaft war aus wäissen Dicher an engem wäissen Teppech gebastelt ginn, eng ultraviolett Luucht gouf benotzt, fir déi wäiss Landschaft am ofgedonkelten Eck nach méi zur Geltung ze bréngen,...
Kuerz no 19 Auer huet d'Madamm vun der Bibliothéik eng kleng Begréissungsried gehal. Dobäi huet si zwee Meedercher virgestallt, déi si deen Owend begleet hunn. Eent vun deenen Meedercher huet mat erzielt, dat anert huet tëscht den Geschichten a Gedichter um Saxophon e Chrëschtdagslidd gespillt. Dotëscht gouf eng wäiss Vas geholl aus där déi zwee Erzieler wäissen Konschtschnéi geholl an iwwer d'Kanner gestreet hunn. Déi dräi haten och alleguer eppes Wäisses un, passend zu der wäisser Schnéilandschaft: Schéin iwwerluechten Detailler.
Et war eng flott an gemittlech Dräivéirelsstonn. An dono huet d'Fra sech nach Zäit geholl, fir mir Informatiounen zu der Bibliothéik ze ginn.
Ech hu mech iwwer déi häerzlech Begréissung esou wéi iwwer deen flotten Virliesowend gefreet.
An ech freeë mech schonn op weider Aktivitéiten an där Bibliothéik.
D'Bibliothéik befënnt sech Op der Knupp 4 zu Eschduerf. Si sinn och op Facebook ze fannen.


The Bibliothéik Eschduerf had a special event on Thursday December 10th 2015: an evening of winter stories.
As I went into the library, the proprietress welcomed me warmly. I could take part in this lecture, even if it was designed for children from 4 to 8 years old.
The back part of the library was decorated with love: white scarves and a white carpet were used to create a snowscape, an ultraviolet lamp accentuated the white landscape in the dark corner, ...
The lady of the library began her introduction talk a short-time after 7 o'clock. She also introduced two girls, who would help her through the lecture: One girl would read together with the lady, the other girl would play a Christmas carol on her saxophone in between two stories. Sometimes, they took a white vase that was filled with artificial snow and scattered it over the children. All the three had a white article of clothing, appropriated to the snowscape: a beautifully planned detail.
These forty-five minutes pleased me very well. After this event, the proprietress took her time to give me informations about her library.
I was happy about this warm reception and the lovely lecture about winter stories. And I'm looking forward for some new events in this library.
You can find the Bibliothéik Eschduerf on Facebook.



No Comments Yet, Leave Yours!