Social Icons

Librairie Ernster an der Belle Etoile

Ech hu mer d'Librairie Ernster zu Bartreng an der Belle Etoile erausgesicht, well ech am Internet gelies hunn, dat do e Café géif dozou gehéieren.
D'Librairie befënnt sech um éischten Stack an ass an zwee Deeler agedeelt:
Een Deel ass fir d'Kanner, mat Kannerbicher a Spillsaachen. Deen aneren Deel ass d'Haaptgeschäft, wou sech och de Café dra befënnt.
Bei der Librairie handelt et sech ëm e grousse Sall, wou ee vill Bicher zu verschiddenen Themen an a verschiddene Sproochen fënnt. Donieft hu se op verschiddene Plazen och Sëtzgeleeënheeten, wou een a Rou Plaz kann huelen fir ze liesen. Fir sech net dobannen ze verléieren, ass bei der Keess e Weeweiser opgeriicht, wat ech perséinlech eng flott Iddi fannen. Mat där Hëllef hunn ech och deen Eck fonnt, an deem ech mer e Buch wollt eraussichen. Ech hu mer d'Buch "Der Sommer mit Kate" vum Kylie Kaden kaf.
Den "Ernster l'esprit Café" befënnt sech net wäit ewech vun der Keess an der Sortie, an do kann een nom Akaf a Rou eppes drénken a säi Buch liesen.
Des Librairie ass eng vun der Librairie Ernster Chaîne. Méi Informatiounen an hir verschidden Adressen fannt dir op dëser Internetsäit, wou een och Bicher online bestelle kann. A si sinn och op Facebook ze fannen.


I chose the Librairie Ernster in Bartringen in the shopping mall Belle Etoile, because I read on the Internet that they also have a café in it.
The library is situated on the first floor of the shopping mall and is divided in two parts: One part  sells books and toys for children. The other part is the main shop in which the café is located.
The library is a big hall where you can find a lot of books in different languages. In addition to the bookshelves there are also some seating-accomodations, where you can take a seat and read a book. In order not to loose your direction, you can find a guidepost to find your way. For me, this is a beautiful idea. I needed this guidepost to find the corner with my favorite books. I found and bought the book "Der Sommer mit Kate" from Kylie Kaden.
The "Ernster l'esprit Café" is situated between the cashpoint and the exit, and you can read a book and drink something after the bookshopping.
This library is one of the Librairie Ernster chain. You can get more information about this and the other Ernster libraries on this site, where you also can buy books online. And you find them on Facebook, too.








No Comments Yet, Leave Yours!