Bokhuset ;libris Tromso
A Norwegen hunn ech nieft de Bicherchaînen awer och ee Bicherbuttek zu Tromso fonnt, an zwar d' "Bokhuest ;libris" zu Tromso.
Bicherchaîne Ark Beyer (NW)
Biblioteket Nordnorge Hurtigruten
Bicherchaîne Narvesen (NW)
Standaard Boekhandel Oostende
Bei mengem Ausfluch op Ostende sinn ech op mäin zweeten "Standaard Boekhandel" getraff. Op den éischte Bléck gesäit deen vill méi grouss aus wéi deen zu Bruges mat sengen groussen Fënsteren, déi bannen bis op den éischten Stack mat ginn.
Standaard Boekhandel Brugge
Mäin drëtten Bicherbuttek hunn ech nach zu Bruges fonnt, an zwar den "Standaard Boekhandel". Well ech esou een Buttek och méi spéit zu Ostende entdeckt hunn, hunn ech mer geduecht, datt et sech dobäi ëm eng Bicherchaîne handelt.
Boekhandel "De Reyghere"
E weidere Bicherbuttek zu Bruges ass den "De Reyghere", deen een op der Maartplaz fënnt. Wann een duerch d'Entrée geet, kënnt een an ee längelzege Raum, direkt op een Dësch zou, wou ee lauter Bicher a Kaarten iwwer Bruges fënnt.
Brugse Boekhandel "De Meester"
Wéi ech d'läscht Joer Enn Juli e puer Deeg zu Bruges verbruecht hunn, hunn ech dës Librairie entdeckt. Si befënnt sech op enger Kräizung, wou een se vun enger Bréck aus gesäit.