Social Icons

Buchhandlung Schmetz am Dom in Aachen

Nodeems ech de Samschden 12. Dezember 2015 iwwert den Oochener Chrëschtmäert beim Dom am Münsterplatz getrëppelt sinn, hunn ech do d'Buchhandlung Schmetz am Dom entdeckt. Säit 2011 befënnt sech des Librairie neierdéngs um Münsterplatz 7-9.
Et handelt sech em eng léif Librairie, wou eng schéi grouss Keess d'Mëtt vum Raum fëllt. Wat ech an dësem Geschäft fir d'éischt op menger Bicherrees entdeckt hunn, war en Héichbett, wou eng Popp vu Pippi Langstrumpf, Decken a Këssen drop louchen. Do kënnen d'Kanner sech hileeën a liesen. Dëst Bett steet am hënneschten Eck vum Raum, bei de Kannerbicher. Dat fannen ech eng richteg flott Iddi fir de Kanner Freed um Liesen ze ginn. Wee weess, op ech nach eng Librairie fannen, déi sou eng originell Iddi huet?
Hei hunn ech mer d'Buch "Das Pfirsichhaus" vum Courtney Miller Santo kaf, dat zweet Buch op mengem Oochen-Ausfluch.
Weider Informatiounen an d'Ëffnungszäiten fënnt een op folgender Internetsäit, souwéi op facebook.


On my trip through Aachen, I found a second bookshop: Schmetz am Dom. I discovered it by walking through the christmas market. In 2011, it moved to Münsterplatz 7-9. It is a nice bookshop, where the cashier is located in the middle of the shop.
For the first time ever I saw a loft bed with a doll of Pippi Longstocking, pillows and blankets in a bookshop. Children can scale up here and read. You can find that bed in the back area of the shop. In my opinion, this is a beautiful idea to invite the children to read a book again. Who knows if another  bookshop has such an idea, too?
Here I bought the book "Das Pfirsichhaus" by Courtney Miller Santo, my second book on my journey in Aachen.
The opening hours and more information can be found on their site and on facebook as well.



No Comments Yet, Leave Yours!