Social Icons

Reisebuchladen Karlsruhe


Leider hat ech keng Geleeënheet an dëse Bicherbuttek ze goen, well ech net genuch Zäit zu Karlsruhe hat an eréischt spéit am Owend duerch Zoufall laanscht getrëppelt sinn. Mee ech wollt iech et net virenthalen.

Libo Dikrech

A mengem Post vum 29.02.2016 hunn ech iwwer d'Libo zu Wolz beriicht. Et handelt sech ëm eng Papeterie-Chaîne zu Lëtzebuerg, wou een och Bicher ze kafen kritt.

Librairie Zimmer zu Dikrech


Des Librairie kennen ech säit menger Lycéeszäit, well ech meeschtens an deem Geschäft meng Schoulbicher kafe komm sinn. Et war awer elo schonn eng länger Zäit hier, dat ech net méi hei war.

"k kiosk" an der Lëtzebuerger Gare


Wéi ech eng Kéier mam Zuch an d'Stad gefuer sinn an nach bëssen Zäit hat, sinn ech bis an de "k kiosk" gaang, deen sech am Gebai vun der Lëtzebuerger Gare befënnt. Et handelt sech haaptsächlech em e Kiosk,  mat masseg Zäitschrëften, klenge Snacken a Gedrénks. Mee si hunn awer och en Eck wou een eng Partie Bicher a verschidde Sproochen ze kafe kritt.

Let'z go local goes Ettelbrück




Dëse Weekend war den "Let'z go local" zu Ettelbréck, an der Däichhal. Et war déi éischte Kéier, dat dee lokale Mäert am Norde vum Land ofgehale gouf. An et war och déi éischte Kéier, dat ech iwwerhaapt dovunner héieren hat.