Social Icons

Librairie Zimmer zu Dikrech


Des Librairie kennen ech säit menger Lycéeszäit, well ech meeschtens an deem Geschäft meng Schoulbicher kafe komm sinn. Et war awer elo schonn eng länger Zäit hier, dat ech net méi hei war.
Ech hu matkritt, dat si verschidde Liesungen ubidden. Leider hunn ech et bis elo nach net gepackt, un enger dovun deelzehuelen. Ech hoffen, dat sech dat ganz geschwënn wärt änneren.
An dëser Librairie hunn ech mer d'Buch "All die verdammt perfekten Tage" vum Jennifer Niven kaf.
Op folgender Internetsäit fannt dir Infoen zu der Librairie an zu Liesungen, déi si ubidden. Et gëtt och eng Facebooksäit vun der Librairie Zimmer. Op där Säit sinn ech déi läscht Woch gewuer ginn, dat d'Librairie wärt plënneren. Dat geschitt am Mee, da plënneren si aus der Grand'-Rue 30 an d'Rue Saint Antoine 11. Vum 21. Mee bis den 25. Juni wäerten déi zwee Butteker parallel ophunn: Et wärt e neit Konzept an der Antoniusstrooss a gutt Affairen an der Groussgaass ginn. An ab dem 27. Juni gëtt et d'Librairie Zimmer da nëmme nach op der neier Adress.


I know this bookshop since my student time, because I used to buy my schoolbooks there. It has been a while now, that I've been there.
Readings are organised in this bookshop. Unfortunately, I had no time until now to participate on one of these. I hope that this will change very soon.
Here I bought the book "All die verdammt perfekten Tage" by Jennifer Niven.
On this Internet site ,you'll get some informations and events the bookshop Zimmer offers. They also have a Facebook page. On this page I saw that the bookshop will move to a new location. This will be in May this year. They will move from the Grand'-Rue 30 to the Rue Saint Antoine 11. From May 21st to June 25th, the two locations will be open simultaneously: You'll see the new concept in the Antoniusstreet an get special offers at the main street. And from June 27th, the "Librairie Zimmer" will only be at the new location.


No Comments Yet, Leave Yours!