Social Icons

"k kiosk" an der Lëtzebuerger Gare


Wéi ech eng Kéier mam Zuch an d'Stad gefuer sinn an nach bëssen Zäit hat, sinn ech bis an de "k kiosk" gaang, deen sech am Gebai vun der Lëtzebuerger Gare befënnt. Et handelt sech haaptsächlech em e Kiosk,  mat masseg Zäitschrëften, klenge Snacken a Gedrénks. Mee si hunn awer och en Eck wou een eng Partie Bicher a verschidde Sproochen ze kafe kritt.
Ech hunn erausfonnt, dat et sech net em eng lëtzebuergesch mee em eng Schwäizer Kiosk-Chaîne handelt. Et fënnt een där Kiosken an der Schwäiz, a Lëtzebuerg an an Däitschland. Laut enger lëtzebuergescher Sichmaschinn fir Telefonsnummeren ginn et der iwwer 70 bei eis am Land.
An dësem "k kiosk" hunn ech mer d'Buch "Die Glücksammlerin" vum Julie McGowan kaf.
Op dëser Internetsäit fënnt een d'Geschicht vum "k kiosk". Des Chaîne huet kierzlech hiren 80. Jubiläum gefeiert. An hei ass hier Facebooksäit.


When I took the train to Luxembourg City one day, and had some time left, I went in the "k kiosk" situated in the building of the train station. Mainly it is a kiosk with tons of magazines, little snacks and beverages. But they also have a book section with all kinds of books in different languages.
During my research, I found out that "k kiosk" isn't a luxembourgish but a Swiss kiosk chain. You can find those kiosks in Switzerland, Luxembourg and Germany. If I can trust a luxembourgish search engine for phone numbers, there exist over 70 "k kiosk" in Luxembourg.
In this particular "k kiosk" in the main train station of Luxembourg City, I bought the book "Die Glücksammlerin" by Julie McGowan.
On the Internet site you can read about the story of "k kiosk". This chain was celebrating its 80th anniversary not long ago. And here is its Facebook page.


No Comments Yet, Leave Yours!