Social Icons

Libo Dikrech

A mengem Post vum 29.02.2016 hunn ech iwwer d'Libo zu Wolz beriicht. Et handelt sech ëm eng Papeterie-Chaîne zu Lëtzebuerg, wou een och Bicher ze kafen kritt.
Des Kéier war ech an der Libo zu Dikrech. Scho vu baussen kann ee sech vill Saachen an der Vitrinn ukucken. Är een erageet, fënnt een bei der Entrée Postkärten mat Spréch. Bannen befënnt sech am viischten Beräich den Deel vun den Schreiwsaachen, wou ee kee Problem huet, dat ze fannen no wat ee sicht. D'Auswiel ass wierklech grouss. Wann een do duerch geet, laanscht d'Keess, kënnt een an den hënneschten Deel vum Buttek. Do ginn et Bicher fir grouss a kleng, an och e puer Kaddosiddien.
An dësem Geschäft hunn ech mer d'Buch "Die Stunde der Liebenden" vum Lucy Foley kaf.
Hei ass de Link vun der Facebook Säit vun der "Libo"-Chaîne. An op der Internetsäit fënnt een och nach allerhand Informatiounen, wat an de verschidden "Libo"-Butteker organiséiert gëtt.


In my post from February 29th 2016, I wrote about the bookshop "Libo" in Wiltz. It was about a  local stationer's chain in Luxembourg, where you also can buy a lot of books.
This time I was in the "Libo" in Diekirch. You can already have a look at many articles in the showcase outside the shop. Near the entry, you have stands of postcards with slogans. Inside, you have the stationery part in the front of the shop, where you have no problem to find what you need. There really is a huge selection. When you go through this part, nearby the cashpoint, you reach the back of the shop. There are a lot of books for children and adults, and some gift ideas.
In this shop I bought the book "Die Stunde der Liebenden" by Lucy Foley.
Here is the link for the Facebook page from the "Libo" chain. And on the internet site you can also find some information what is organized in the different "Libo" shops.

No Comments Yet, Leave Yours!