Social Icons

Georges Hausemer um "Summerdag vun der Literatur"


De leschten Auteur vun dësem Dag war den Georges Hausemer mat sengem Buch "Der Schüttler von Isfahan".
Et handelt sech em Notizen, déi den Här Hausemer sech gemaach huet, wéi hien 2010-2011 ënner anerem a Syrien ënnerwee war. Dëst Buch ass op däitsch geschriwwen an den Georges Hausemer huet een Deel virgelies, wou et em d'Stëmm vun der Uso vun de Flich geet, déi hien um Fluchhafen zu Asuncion (Paraguay) héieren huet, wéi en op den Fluch fir op Buenos Aires (Argentinien) gewäert huet.
Nathalie Bender sot am Gespréich, dat et sech em een Reesbericht, eng Reesliteratur handelt. D'Madamm Bender wollt wëssen, wat d'Ziel vum Buch ass. Den Här Hausemer reest an hält alles fest, a mëscht dat als éischt emol fir sech. Dono geet et drëm, de Lieser mat Deel huelen ze loossen, un deem, wat hien erlieft huet. Fir den Georges Hausemer handelt et sech em e visuellt Tagebuch, wou hien e "Klang" mat erabréngt. Bicher mat de Fakten vun de Plazen ginn et der genuch, mee déi kleng Entdeckungen hannert der Fassad, dat ass wouriwwer den Auteur schreiwe wëll.
Bei esou enge Bicher kréien ech Fernweh.


The last author of this day was Georges Hausemer with his book "Der Schüttler von Isfahan". It's about notes, that mister Hausemer has taken while he was on his way to Syria, amongst other places. This book is written in german and Georges Hausemer read a part of it, where he listened to the voice of the announcement for the flights on the airport of Asuncion (Paraguay), while he was waiting for his flight to Buenos Aires (Argentina).
Nathalie Bender said in the talk, that this book is a travel report, a travel litterature. Miss Bender wanted to know the objective of the book. Mister Hausemer is travelling and he holds on everything of his travels, and he is doing this prior for himself. Then it goes on about to let the reader take part in what he experienced. For Georges Hausemer it is a visual diary, where he put a "sound" in it. There are lots of books about the facts of the different places, but the author wanted to write about the little discoveries behind the faces.
I got itchy feet by such books.


No Comments Yet, Leave Yours!