Social Icons

Tom Nisse an Lambert Schlechter um "Summerdag vun der Literatur"



Well den Tom Nisse an den Lambert Schlechter sech géigesäiteg interviewt hunn, hunn ech et passend fonnt, déi zwee Auteuren zesummenzesetzen.

Vun deenen zwee war den Tom Nisse als éischt drun mat sengem Buch "Extraire, l'Arbre à Paroles". Et handelt sech em Gedichter, déi op franséisch geschriwwe sinn.  Den Här Nisse huet vereenzelt Gedichter aus dem Buch virgelies.
Dono hat hien e Gespréich mam Lambert Schlechter. An deem Gespréich ass erauskomm, dat den Tom Nisse den Jean Krier als Virbild huet. Den Här Nisse iwwersetzt och zäitgenëssesch däitsch Gedichter, hien thematiséiert awer och aktuell Saachen. Fir den Auteur ass d'Literatur een "véhicule" d'Saachen weiderzeginn. D'Saache sollen a sengen Aen net vergiess ginn. Dëst Buch huet sech iwwer 3 bis 4 Joer erstreckt. Fir een Ensembel zesummenzekréien, schreift hien Gedichter, verschiddener ginn dann ewechgepucht, anerer gi gekierzt, an dorausser entsteet dann e neit Gedichtband.

Den Här Schlechter ass net direkt nom Tom Nisse un d'Rei komm, d'Isabel Spigarelli huet säi Buch fir d'éischt virgelies. Dono huet den Lambert Schlechter säi Buch "Inévitables bifurcations, les Doigts dans la Prose" virgestallt. Hien huet vu senge Stécker virgelies, déi an Kapitelen geschriwwe sinn. Och dëst Buch ass a franséischer Sprooch geschriwwen.
D'Gespréich mam Tom Nisse ass dunn och op franséisch gehale ginn. Den Här Nisse huet Begrëffer benotzt ewéi "Célébration de l'érotisme", "la tension de la mort", "la tension entre les détails et la vie quotidienne", "l'amour physique", "l'amour de la nature", ... fir dem Lambert Schlechter säi Wierk ze beschreiwen.
Den Här Schlechter geet esou fir, dat hien e Kapitel an e grousst Heft schreift an zwar op enger Kéier, 22 Linnen. Déi Linnen entstinn esou, ouni Paus, a bleiwen och esou.

Et war schéin ze gesinn, wéi deen een deem aneren säi Wierk appreciéiert huet a wéi se iwwert dem aneren säi Buch geschwat hunn.


Because Tom Nisse and Lambert Schlechter interviewed themselves each other, it was convenient for me to put this two authors together.

Tom Nisse was the first of them with his book "Extraire, l'Arbre à Paroles". This book contains poems, that are written in french. Mister Nisse has read detached poems from the book.
After this, he had a talk with Lambert Schlechter. In this talk gets out that Tom Nisse has Jean Krier as ideal. Mister Nisse translates contemporary german poems, but he also picks the actual news out as a central theme. For an author, literature is a vehicle to pass the things. The things should not be forgotten in his eyes. This book spanned over 3 'til 4 years. To get an ensemble together, he is writing poems, some of them are cast away, others are cut, and the outcome of this is a new band of poems.

Mister Schlechter didn't have his reading direct after the talk with mister Nisse, Isabel Spigarelli had the reading between them. After this, Lambert Schlechter presented his book "Inévitables bifurcations, les Doigts dans la Prose". He read some of the pieces, which where written in chapters. This book is also written in french.
The talk with Tom Nisse was presented in french. Mister Nisse used terms like "Célébration de l'érotisme", "la tension de la mort", "la tension entre les détails et la vie quotidienne", "l'amour physique", "l'amour de la nature", ... to describe the work of Lambert Schlechter.
Mister Schlechter proceeds like that: he writes a huge chapter in his big booklet and this in one time, without pause, and he keeps it like that.

It was nice to see, how this two authors appreciated and spoke about the work of the other one.



No Comments Yet, Leave Yours!