Social Icons

Isabel Spigarelli um "Summerdag vun der Literatur"


Tëscht den zwee Poeten Tom Nisse an Lambert Schlechter huet d'Isabel Spigarelli hire Roman "Nichts zu danken" virgestallt.  Dëst Buch ass op däitsch geschriwwen an handelt ëm eng eeler Damm, déi am Altersheem lieft.
Am Deel, deen d'Isabel Spigarelli virgelies huet, geet et drëm, dat des Damm eng Prinzessin ass a vun engem Här ofgeholl gëtt fir mam fléienden Teppech matzereesen.
Dëst ass der Madamm Spigarelli hiert zweet Buch, awer den éischten Roman. Am Gespréich mam Béatrice Kneip koum eraus, dat een vun hiren literareschen Virbiller den Max Frisch ass. Hiert éischt Buch war "Der Versuch zu sein", wat 2012 erauskomm ass.
Am Buch "Nichts zu danken" geet et em de Mann "M", deen senger Groussmamm Märercher erzielt. Den M ass niewebäi och nach an d'Lilli verléift, mee d'Lilli ass an der Zwëschenzäit mam Brudder bestuet. Et geet hei am Buch drëm, dat een zesummen kann al, awer net erwuesse ginn. A jidderengem vun eis stécht e Kand. Um Cover vum Buch ass eng Foto ze gesinn. Et handelt sech em eng Foto vun der Bomi vun der Schrëftstellerin, een emotionalen Aspekt, deen ech perséinlech ganz flott fannen.


Between the two poets Tom Nisse and Lambert Schlechter, Isabel Spigarelli read from her novel "Nichts zu danken". This book is written in german and is about an older lady which lives in a rest home. In the part, which Isabel Spigarelli read about, the lady is a princess and a gentleman takes her out for a ride on a flying carpet.
This is the second book from miss Spigarelli, but the first novel. During the talk with Béatrice Kneip, it came out that one of the literary ideals of her is Max Frisch. Her first book is called "Der Versuch zu sein" and appeared in 2012.
In the book "Nichts zu danken" is a man called "M", who is telling fairy tales to his grandmother. M also fell in love with Lilli, but Lilli is now married with his brother. This book is about getting old together but not getting adult. In everybody of us is a child. On the cover of the book, there is a picture. This picture shows the grandmother of the author, an emotional aspect, which I personally like very much.


No Comments Yet, Leave Yours!