Social Icons

Linda Graf um "Summerdag vun der Literatur"


Linda Graf huet hiert Buch "Die Tage, die Dinge" virgestallt. Et handelt sech em e Buch mat Kuerzgeschichten, wat op däitsch geschriwwen ass.
D'Madamm Graf huet eng Kuerzgeschicht aus hirem Buch virgelies. D'Personnagen aus deenen vereenzelten Geschichten sinn mateneen verbonnen. Hannen am Buch fënnt een och een Regëster, wou d'Personnagen opgezielt sinn.
Den Jérôme Jaminet huet am Gespréich festgestallt, dat et vill Protagonisten an deenen Stécker ginn, esou wéi dat och am richtege Liewen ass. Mee et kënnt awer och Fantastesches dobäi. Déi verschidden Charakteren hunn deelweis komplex Verbindungen ënnereneen. Wat een am Gespréich iwwer d'Madamm Graf gewuer ginn ass, ass, dat si lo méi kuerz Sätz mëscht ewéi soss. Si lieft elo säit dräi Joer a Griicheland a schwätzt do griichesch an englesch. Dat hënnert si awer net drun, hir Geschichten op däitsch ze schreiwen. Linda Graf hëlt sech Imput andeems se Kuerzgeschichten vun hiren Liiblingsauteuren liest. An et kënnt dobäi, dat d'Iddien aus dem Alldag sech bei hier selbstänneg maachen  während dem Schreiwen. Si schreift, fir dat Zwëschemënschlecht erëmzeginn a geet ënnert den Alldag krazen. Et geet ëm Léift an Konflikter, an et entsteet eng Verflechtung tëscht Schicksal an Zoufall.


Linda Graf introduced her book "Die Tage, die Dinge". It is a book with short stories written in german. Miss Graf read one short story from her book. The characters from the different stories are connected to each other. Back in the book, there is a register, where the characters are listed up.
Jérôme Jaminet realised during the talk, that there are lots of protagonists in the stories, like in real life. But there also is something fantastic in it. The different characters have sometimes complex connections with each other. What we've learned about Linda Graf during the talk, is, that she writes shorter sentences now. She lives in Greece and speaks greek and english there. That doesn't restrain her to write her stories in german. Linda Graf takes her imput by reading short stories of her favorite authors. In addiction, the ideas of the everyday life comes independently during the writing. She writes to give back the interpersonal and scrapes on the everyday life. It is about love and conflicts, and a linkage results between destiny and hazard.


No Comments Yet, Leave Yours!