Social Icons

Michel Clees um "Summerdag vun der Literatur"


Nom Gespréich vum Samuel Hamen mam Claudine Muno huet den Michel Clees eng Liesung zu sengem Buch "Abreise" gehalen.
Hien huet aus dem éischten Stéck vu sengem Buch gelies. D'Buch ass op däitsch geschriwwen an den Haaptpersonnage ass den Joseph Welsch.
No der Virliesung gouf et e Gespréich mam Valerija Berdi. An deem Gespréich koum eraus, dat den Här Clees sech duerch Wierker vum Georg Trakl inspiréieren gelooss huet. An dësem Buch ass een éisträicheschen Afloss an eng éisträichesch Sprooch erëmzefannen.
Beim Personnage Joseph Welsch handelt et sech em eng Persoun, déi net sympathesch ass. Et ass e feige Mann, ass dofir awer familiär. Den Auteur wollt domatter e Bild vun eiser Gesellschaft erëmginn. Verschidde Metapheren tauchen am Buch op. Fir den Här Clees sinn se kloer, mee se mussen awer net vu jidderengem verstaane ginn.
Michel Clees ass Schrëftsteller, awer och Museker an hie schreift och Gedichter. 2014 krut hien d'Auszeechnung "Prix Servais" fir säi Wierk "Sterbehäusle". Hee weess nach net, wat als nächst neit Abenteuer kënnt.


After the talk from Samuel Hamen with Claudine Muno, there was Michel Clees with the reading of his book "Abreise". He read from the first part of his book. The book is written in german and the main character is Joseph Welsch.
After the reading, there was a talk with Valerija Berdi. In this speech, people learned that mister Clees had an inspiration of the works of Georg Trakl. In his book, there is an Austrian influence and an Austrian language in it.
The character of Joseph Welsch is not a likeable person. It is a sneaky man, but familiar. The author liked to show an image of our society with this person. Several metaphors appear in this book. For Michel Clees, they are clear, but they don't have to be understood by everyone.
Michel Clees is an author, but also a musician and he writes poems. 2014 he got the award "Prix Servais" for his work "Sterbehäusle". He doesn't know what will be his next new adventure.


No Comments Yet, Leave Yours!