Libo Wolz
D'Libo ass eng Librairie an Papeterie Chaîne hei zu Lëtzebuerg an et gëtt se véiermol am Land: an der Stad, zu Gréiwemaacher, Dikrech a Wolz. Well ech am Norde wunnen, ginn ech gréisstendeels an déi zu Wolz. Säit Mëtt Juni 2015 ass des Libo an engem neie Gebai, awer nach ëmmer an der Groussgaass.
location:
Grand-Rue, 9530 Wiltz, Luxemburg
Pocket Shop am Frankfurter Flughafen
Um Frankfurter Fluchhafen, wou ech am Dezember 2015 op der Sich nom nächsten Terminal war, sinn ech op den Pocket Shop (by thalia.de) gestouss.
contents:
Bookshop,
Pocket Shop,
Thalia
De' Bücherladen in Trier
De' Bücherladen befënnt sech zu Tréier an der Akafsstrooss, net wäit vun der Porta Nigra ewech. Et handelt sech em e léiwen klengen Buttek, wou een awer vill Bicher dra fënnt.
Thalia Karlsruhe
Op mengem Weekendtrip op Karlsruhe am Januar sinn ech an den Thalia an d'Kaiserstraße gaang. Sou e grousst Bichergeschäft hunn ech perséinlech nach net gesinn. Do ginn et Rulltrapen an dat ganzt Geschäft ass op véier Stäck verdeelt. Et war och déi éischte Kéier, dat ech an der Schlaang hu misse stoen fir ze bezuelen. Wéi schéin ze gesinn, dat et nach souvill Leit ginn, déi Bicher liesen an hir Bicher an enger Librairie kafen!
location:
Kaiserstraße, Karlsruhe, Deutschland
Press & Books um Findel
Um
Findel hunn ech am Dezember fir d’éischt d'Librairie Press & Books, P&B
entdeckt. Et handelt sech ëm e klenge Bicherbuttek, wou een Zäitschrëften a
Bicher an de Sproochen englesch, franséisch an däitsch kritt. Donieft kritt een
awer och Reesbicher an Souvenirsartikelen vu Lëtzebuerg. Dee Buttek kann een awer nëmmen besichen, wann een agecheckt huet.
Mayersche Trier
D'Gebai vun der Mayersche zu Tréier fällt vu baussen schon direkt op mat sengen héichen Fënsteren, an dat op dräi Stäck verdeelt. Baussen gesäit ee schonn Dëscher mat Bicher gefëllt.
location:
Kornmarkt, 54290 Trier, Deutschland
Librairie Alinéa
D'Libraire Alinéa befënnt sech an enger klenger Stross bei der Foussgängerzon an der Stad, direkt nieft der Confiserie Namur. Duerch Zoufall fënnt een déi net, et muss een se scho bewosst opsichen. Am séiersten kënnt een dohin, wann een bei den "Théâtre des Capucins" parke geet.
location:
Rue Beaumont, 1219 Luxembourg, Luxemburg
Buchhandlung Schmetz am Dom in Aachen
Nodeems ech de Samschden 12. Dezember 2015 iwwert den Oochener Chrëschtmäert beim Dom am Münsterplatz getrëppelt sinn, hunn ech do d'Buchhandlung Schmetz am Dom entdeckt. Säit 2011 befënnt sech des Librairie neierdéngs um Münsterplatz 7-9.
location:
Münsterpl., 52062 Aachen, Deutschland