Social Icons

Press & Books um Findel

Um Findel hunn ech am Dezember fir d’éischt d'Librairie Press & Books, P&B entdeckt. Et handelt sech ëm e klenge Bicherbuttek, wou een Zäitschrëften a Bicher an de Sproochen englesch, franséisch an däitsch kritt. Donieft kritt een awer och Reesbicher an Souvenirsartikelen vu Lëtzebuerg. Dee Buttek kann een awer nëmmen besichen, wann een agecheckt huet.

Ech hunn am Internet nogesicht op et sech bei där Librairie ëm eng Chaîne handelt, an esou ass et. Des Bicherchaîne ass eng Duechtergesellschaft vun "Valora Holding Germany" a befënnt sech an Däitschland, Eisterräich an an der Schwäiz. Et fënnt een déi Librairien op Fluchhäfen a Garen, et kann een awer och Bicher online op hiren Internetsäiten bestellen.
An där Librairie hunn ech mir kee Buch kaf, obwuel de Reiz do war. Mee et war den Ufank vu menger Rees an ech hat schonn e Buch a mengem Handgepäck. Mol kucken wou ech menger nächster P&B-Librairie begéinen an op ech mer dann e Buch kafen...


In December 2015, I discovered Press&Book (P&B) on the luxembourgish airport called "Findel". It's a small bookshop where you'll find magazines for all interests and books in english, german and french. Nearby you have guidebooks and souvenirs of Luxembourg. You have only access to the shop if you already made the check-in.
My research about that shop brought me to the conclusion that P&B is originally a germain book chain, which is a subdivision of "Valora Holding Germany", located in Germany, Austria and Switzerland. You'll find this chain in most airports and railway stations, but you can also order books on their internet site too, if you want.
I didn't buy a book here, even if I was tempted to. But I already had a book in my hand luggage and so I resisted on buying another one. Let's see where I will discover my next P&B and if I will buy a book there...


No Comments Yet, Leave Yours!