Social Icons

Libo Wolz



D'Libo ass eng Librairie an Papeterie Chaîne hei zu Lëtzebuerg an et gëtt se véiermol am Land: an der Stad, zu Gréiwemaacher, Dikrech a Wolz. Well ech am Norde wunnen, ginn ech gréisstendeels an déi zu Wolz. Säit Mëtt Juni 2015 ass des Libo an engem neie Gebai, awer nach ëmmer an der Groussgaass.
Et geet een baussen fir d'éischt duerch e Gank éier een an de Buttek selwer erageet. An deem Gank befanne sech Kaarten mat Spréch a Postkaarten, an et gesäit ee schonn duerch déi grouss Vitrinn an den viischten Deel eran. Do befannen sech d'Schreiwsaachen, sou wéi Bläistëfter, Bicer, Blieder, Hefter, an nach villes méi ... Bei der Entrée befënnt sech d'Keess, laanscht déi ee muss goen, fir an den hënneschten Deel ze kommen. Et geet ee laanscht Zäitschrëften, Kalenneren, Luxemburgensia an allerlee Bastelbicher, éier een an den méi groussen Deel kënnt. Do befannen sech an de Regaler an op den Dëscher  d'Literaturbicher mat de Kannerbicher.
Op der Facebook Säit, eng Säit fir all d'Libo Butteker, fënnt ee reegelméisseg Libo Bichertippen, awer och Libolino Tippen. Dobäi handelt et sech ëm nei Kannerbicher, déi virgeschlo ginn.
An dëser Libo hunn ech mer d'Buch "Die beste Zeit unseres Lebens" vum Maeve Haran.
Op der Internetsäit kann ee sech Bicher ukucken an noliesen, wéi eng Veranstaltungen an de verschiddenen Liboen gemaach ginn. Et kann een sech Bicher bestellen iwwer Telefon oder per Mail. Da kann een se siche fueren oder awer et kritt een se heem geliwwert. Dofir muss een 2,50 € fir den Trajet bezuelen, ausser et huet een eng Commande vun iwwer 75 €.


There is a local bookshop and stationery chain in Luxembourg called "Libo". It's spread over four places in Luxembourg: in the City, Grevenmacher, Diekirch and Wiltz. Because I live in the north of Luxembourg, I mostly visit the one in Wiltz. In the middle of June 2015, the shop has moved to another location, but stayed in the same street.
First, you go through a corridor before reaching the entry. There you can already find slogan cards and postcards, and you can see through the large show case, the front part of the shop. Here are lying articles like pencils, pens, notebooks, and lots more ... Near the entry is the cashpoint, which you have to pass to go to the back part of the shop. On this way you can find magazines, calendars, Luxemburgensia (works written in luxembourgish, by luxembourgish authors or about Luxembourg) and a lot of books about handicraft works, before you enter the bigger part of the shop. There you can find bookshelves and tables filled with literary and children's books.
On the Facebook site, which is one site for all the Libo shops, they regularly have a Libo book tip, but also a Libolino tip. This is a suggestion of new children's books.
In this "Libo" I bought the book "Die beste Zeit unseres Lebens" by Maeve Haran.
On the internet site you can take a look at several books and find out, when there is an event in one of the Libo shops. You can also order books by calling in or by mail. Then you can go to the shop and pick them up or you use the delivery service. Then you have to pay 2,50 € extra for shipping (only for residents), except your order has surpassed 75 €.



No Comments Yet, Leave Yours!