Social Icons

De' Bücherladen in Trier

De' Bücherladen befënnt sech zu Tréier an der Akafsstrooss, net wäit vun der Porta Nigra ewech. Et handelt sech em e léiwen klengen Buttek, wou een awer vill Bicher dra fënnt.
Et handelt sech em e breede Gank, wou sech vir lénks d'Keess befënnt a ganz hannen een Deel mat Bicher an de Solden. Awer är een erakënnt, gesäit een dobaussen schonn eng ganz Partie Bicher, déi sech op den Dëscher befannen. Ech perséinlech fannen dat flott, wann ech dobaussen no Bicher kucke kann, är ech iwerhaapt schonn an der Librairie sinn. Natierlech geet dat nëmmen, wann d'Wieder matspillt.
Zu dësem Bicherbuttek gehéiert nach een zweeten Deel, deen sech "Buch & Billig" nennt. Dee befënnt sech an der Jakobsstraße an an deem ginn et Bicher aus alle Beräicher op Lager. Wat een do net ka maachen, ass Bicher bestellen. Et gëtt just verkaf, wat direkt op der Plaz ze fannen ass.
Am Bücherladen hunn ech mer d'Buch "Ein wunderbares Jahr" vum Laura Dave kaf. Gitt eech déi flott animéiert Internetsäit ukucken!


"De' Bücherladen" is located right at the beginning of the shopping street, not far away from the Porta Nigra, the main attraction in Treves. It's a small shop, but you can find a lot of books there.
It's a wide corridor and in the front, on the left, sits the cashier. In the back part of the shop there are books on sale. Before entering, at the outside, you find tables with towers of books. Personally, I like that. You can look for books at the outside without necessarily entering the shop. But that's only an option when the weather is fine.
Beside "De' Bücherladen", there is also a shop called "Buch & Billig" (Book & Cheap), which you can find at the Jakobsstraße and where you also can find all kind of books. What you can't do there is ordering. You only get the books which are on stock.
In "De' Bücherladen" I bought the book "Ein wunderbares Jahr" by Laura Dave. Go and have a look at the funny animated site of this bookshop!



No Comments Yet, Leave Yours!