Social Icons

Thalia Karlsruhe



Op mengem Weekendtrip op Karlsruhe am Januar sinn ech an den Thalia an d'Kaiserstraße gaang. Sou e grousst Bichergeschäft hunn ech perséinlech nach net gesinn. Do ginn et Rulltrapen an dat ganzt Geschäft ass op véier Stäck verdeelt. Et war och déi éischte Kéier, dat ech an der Schlaang hu misse stoen fir ze bezuelen. Wéi schéin ze gesinn, dat et nach souvill Leit ginn, déi Bicher liesen an hir Bicher an enger Librairie kafen!
Hei geet d'Zäit beim Bicherstöberen sou séier ëm. Et muss een definitiv vill Zäit aplangen, wann een hei rakënnt. Leider haat ech déi Zäit net a konnt mer déi verschidde Stäck net ukucke gon.
Laut dem Panneau bei der Rulltrap gëtt et am -1 ënner anerem Reesbicher a Romaner an aneren Sproochen. Um Rez-de-Chaussée fënnt een déi üblech Romaner, awer och e Kadosdeel an Souvenirsartikelen vu Karlsruhe direkt bei der Entrée. Um 1. Stack befannen sech Bicher iwwer Fräizäit an och de Kannerdeel. Op deem Stack befënnt sech de Café Meyerbeer, fir deen ech mer bei mengem nächsten Karlsruhe Besuch defintiv Zäit wärt huelen. Um 2. Stack fënnt ee Bicher iwwer Kierper a Séil, Fachbicher, awer och Schoul- a Studiumbicher. Do hëllt een och seng bestallte Bicher of. Dese Stack huet laut Panneau och Internetsurfplazen.
Hei hunn ech mer d'Buch "Immer wieder du und ich" vum Juliet Ashton kaf. Informatiounen zu desem Thalia gëtt et op folgender Inernetsäit an op Facebook.


On my weekend trip to Karlsruhe in January 2016, I went to the "Thalia" in the Kaiserstraße. I've never seen such a big bookshop before. It has four floors and an escalator to reach them. And it was also my first time that I had to wait in a queue to pay. Yes, people still read and buy books in bookshops, which is good.
Time went by really fast during my book search  You have to calculate in extra time for your visit in this gigantic shop. Unfortunately, I hadn't that much time to explore the whole Thalia shop.
The info panel told me that in the basement floor are travel books and novels in different languages. On the ground floor you have the general novels but also a gift corner and local souvenirs, near the entry. On the first floor there are books about leisure and the children section. The Café Meyerbeer is also located on this floor, and for my next visit in Karlsruhe, I will rest a bit longer in this Café. On the second floor there are books about body and soul, special interest and schoolbooks. There you can also take away your order. You have also the possibility to explore the web.
Here I bought the book "Immer wieder du und ich" by Juliet Ashton. More information can be found on their site or on Facebook.





No Comments Yet, Leave Yours!