Social Icons

Thalia Saarbrücken



Zu Saarbrécken gëtt et den Akafscenter Europa-Galerie. Et handelt sech em dat fréiert Administratiounsgebai vun den Saarbergwerke. Un dëst Bauwierk, wat iwwregens ënner Denkmalschutz steet, gouf ugebaut an esou ass d'Europa-Galerie entstaan.
An där Galerie befënnt sech och d'Bichergeschäft Thalia. D'Raim vun der Librairie befannen sech a verschidden Deeler, déi duerch Träpplécken verbonne sinn. Op desen Träpplécken befënnt sech eng kleng Rutschbahn fir d'Kanner. Vir bei der Entrée fënnt een d'Bestseller-Bicher souwéi een Dësch mat Kadosiddien wéi Taasen, kleng Kalenneren, asw... An deem hënneschten Deel fënnt een Bicher iwwer Reesen, Wuelbefannen, ... E Gank mat flotten ale Plättercher a Fënsteren gëtt genotzt fir Kalenneren a Postkärten auszestellen. Deen Deel wärt zum fréieren Haaptgebai gehéieren.
An desem Geschäft hunn ech mer d'Buch "Der Glasmurmelsammler" vun Cecelia Ahern kaf. Hei fannt der d'Internetsäit vun deser Filial. D'Facebook-Säit vun deser Filial gëtt net aktiv betreit, mee si bidden engem un sech d'Haaptsäit vun hinnen op Facebook unzekucken.


In Saarbrücken exists a shopping mall called "Europa-Galerie". It was the former administration building of the"Saarbergwerke". A new part has been added to this building, which was declared as a historical monument, and this is how the Europa-Galerie was born.
In this mall you have the bookshop "Thalia". The various rooms of this shop are linked together via the stairs. At these stairs you have a small slide for children. Near the entry, you have the bestsellers and a bunch of tables filled with mugs, small calendars, etc... In the back part you have books for traveling, well-being, ... A long corridor with beautiful old tiles and windows is used to display big calendars and postcards. This part seems to belong to the old main building.
In this bookshop, I bought the book "Der Glasmurmelsammler" by Cecelia Ahern. Here's the internet site of this chain store. Nobody looks after the Facebook page of this store, but they provide you to  take a look at the main Facebook page of Thalia.



No Comments Yet, Leave Yours!