Social Icons

Librairie Alinéa

D'Libraire Alinéa befënnt sech an enger klenger Stross bei der Foussgängerzon an der Stad, direkt nieft der Confiserie Namur. Duerch Zoufall fënnt een déi net, et muss een se scho bewosst opsichen. Am séiersten kënnt een dohin, wann een bei den "Théâtre des Capucins" parke geet.
Är een erageet, gesäit ee baussen schonn e Panneau stoen, wou dropsteet: "Qu'est-ce qu'un poète, si ce n'est qu'un traducteur, un déchiffreur? (Baudelaire)". Et wär emol interessant ze wëssen, op et ëmmer deen selwechten Sproch ass oder op deen och mol geännert gëtt, no e puer Wochen oder Méint. Ech mengen, ech muss nach eng Kéier zeréckgoen fir dat ze kontrolléieren.
D'Librairie verdeelt sech iwwer de Rez-de-Chaussée an dem éischten Stack. Vir bei der Entrée befënnt sech d'Keess. Bëssen weider hannen befënnt sech een Comptoir, wou ee Bicher bestellen an ofhuele kann. Et kritt ee Bicher op englesch, franséisch an däitsch ze kafen. Uewenop befënnt sech och nach eng Aart Comptoir, wou ee no Bicher froe kann. Uewen befënnt sech och een Deel fir d'Kanner, mat Kannerbicher a klenge Still.
D'Etiketten, déi uweisen wat fir e Genre oder Thema sech wou befënnt, sinn nach op der Hand geschriwwen. Et ass déi éischt Librairie an där ech eng Bréifboîte gesinn hunn hänken. Op déi villäicht benotzt gëtt?
An där Librairie hunn ech mer d'Buch "Mit Blick aufs Meer" vum Elizabeth Strout kaf.
Nom Akaf kann ee bis an den Namur op eng Taass Kaffi oder Téi erasprangen an an dat neit Buch eraluussen.


The Librairie Alinéa is located in a small street at the beginning of the pedestrian zone and beside the Confiserie Namur. Unfortunately, it is hard to find. You really have to look for it. The nearest way to park is the "Théâtre des Capucins".
Outside the shop they have mounted a panel that says "What's a poet, if it is only a translator, a decoder? (Baudelaire)". It would be interesting to know if that text is always the same or if it is changed regularly. I think I have to go back and check that out.
The bookshop is portioned on two floors: the ground floor and the first floor. The cashpoint is located near the entrance. Further to the back of the shop you have a counter, where you can pick up your order. There are english, french and german books to find. On the first floor, you can find a second counter for book orders. There also is a children's corner with children books and little chairs for them to sit down.
All theme- and genre signs on every shelf are lovely handwritten. It was the first bookshop ever I saw with a letterbox in it. Was it ever in use?
In this shop I bought the book "Mit Blick aufs Meer" by Elizabeth Strout.
After your buy, you can go to the Confiserie Namur. There you can drink a cup of coffee or tea and have a peek at your new book(s).




No Comments Yet, Leave Yours!