Fête du Livre à Redu
Vun Ouschtersamschdeg bis Ouschterméindeg war zu Redu an der Belscht d'Fest vum Buch. D'Stroossen vun dësem Bicherduerf waren während deenen 3 Deeg gefëllt mat Zelter a Stänn voll mat Bicher.
Thalia im Rheinpark-Center (Neuss)
Duerch Zoufall sinn ech läschte Weekend laanscht den Rheinpark-Center zu Neuss gefuer. A well ech e bëssen Zäit hat, sinn ech op de Parking vun deem groussen Akafszenter gefuer.
location:
Breslauer Str., 41460 Neuss, Deutschland
Reisebuchladen Karlsruhe
Leider hat ech keng Geleeënheet an dëse Bicherbuttek ze goen, well ech net genuch Zäit zu Karlsruhe hat an eréischt spéit am Owend duerch Zoufall laanscht getrëppelt sinn. Mee ech wollt iech et net virenthalen.
Libo Dikrech
A mengem Post vum 29.02.2016 hunn ech iwwer d'Libo zu Wolz beriicht. Et handelt sech ëm eng Papeterie-Chaîne zu Lëtzebuerg, wou een och Bicher ze kafen kritt.
Librairie Zimmer zu Dikrech
Des Librairie kennen ech säit menger Lycéeszäit, well ech meeschtens an deem Geschäft meng Schoulbicher kafe komm sinn. Et war awer elo schonn eng länger Zäit hier, dat ech net méi hei war.
"k kiosk" an der Lëtzebuerger Gare
Wéi ech eng Kéier mam Zuch an d'Stad gefuer sinn an nach bëssen Zäit hat, sinn ech bis an de "k kiosk" gaang, deen sech am Gebai vun der Lëtzebuerger Gare befënnt. Et handelt sech haaptsächlech em e Kiosk, mat masseg Zäitschrëften, klenge Snacken a Gedrénks. Mee si hunn awer och en Eck wou een eng Partie Bicher a verschidde Sproochen ze kafe kritt.
location:
Place de la Gare, Luxembourg, Luxemburg
Stephanus Karlsruhe
D'Librairie Stephanus befënnt sech um Eck vun der Herrenstraße zu Karlsruhe. Virun der Dier befannen sech Regaler mat verschidde Bicher a Postkaarten. Bannen gëtt et nieft dem Rez-de-Chaussée och e Stack am Keller, dee genotzt gëtt.
location:
Herrenstraße, Karlsruhe, Deutschland