Social Icons

Stephanus Karlsruhe

D'Librairie Stephanus befënnt sech um Eck vun der Herrenstraße zu Karlsruhe. Virun der Dier befannen sech Regaler mat verschidde Bicher a Postkaarten. Bannen gëtt et nieft dem Rez-de-Chaussée och e Stack am Keller, dee genotzt gëtt.
Do ënnen fënnt een CDen, DVDen, Hörbicher an och Bicher. Uewen fënnt ee Romaner, Reesbicher, Bicher iwwer Philosophie, Theologie, a villes méi.
Et huet mech bëssen irritéiert, dat des Librairie och Stephanus heescht, mee de Logo ganz anescht ausgesäit wéi dee vum Stephanus zu Tréier. Weess ee vun iech op déi Bichergeschäfter eppes mateneen ze dinn hunn? Am Internet hunn ech keng Hiweiser dozou fonnt. Sou dat ech denken, dat déi zwou Librairien näischt mateneen ze dinn hunn.
An dësem Buttek hunn ech mer d'Buch "Das Gefühl, das man Liebe nennt" vum Julie Cohen kaf.
Op folgender Internetsäit fannt dir weider Informatiounen zu dëser Librairie. Si hunn och e Museumsshop, fir deen si Reklamm op hirer Säit maachen.


The bookshop "Stephanus" is located in the Herrenstraße in Karlsruhe. Before entering, you can see shelves filled with books and postcards. Inside you have a room on the ground floor, but also a part in the basement. CDs, DVDs, audiobooks and also some books are arranged in this part of the bookshop. On the ground floor, there are novels, traveling books, books about philosophy, theology, and many more.
I was a little bit confused about the name of this bookshop, because I went to another "Stephanus" in Treves, but the logo was different. Does anybody know if there is a connection between these bookshops? I haven't found any clues on Internet about it. So I don't think they have something to do with each other.
In this shop I bought the book "Das Gefühl, das man Liebe nennt" by Julie Cohen. On the following Internet site you have some information about the "Stephanus" in Karlsruhe. They are also making publicity for their museum shop on the site.




No Comments Yet, Leave Yours!