Social Icons

Fête du Livre à Redu


Vun Ouschtersamschdeg bis Ouschterméindeg war zu Redu an der Belscht d'Fest vum Buch. D'Stroossen vun dësem Bicherduerf waren während deenen 3 Deeg gefëllt mat Zelter a Stänn voll mat Bicher.
Ech war de Samschden dohinner gefuer fir mir dat live unzekucken. De Parking huet 4 Euro kascht. Deen Ticket war awer fir déi dräi Deeg gülteg.
D'Organisateuren souwéi d'Aussteller hate Chance mam Wieder, mol jiddefalls de Samschden. Et war dresche bliwwen a bei deem Wieder konnt ech mir gemittlech déi verschidde Stänn a Bicher ukucken. An all de klenge Stroossen vun dësem Duerf waren Butteker a Stänn virzefannen. Et waren och Animatiounen an Expositiounen op deem Fest ze gesinn, sou wéi Auteuren, déi dohinner komm sinn fir Autogrammer ze ginn oder Virliesungen ze halen.
Dëst war déi 33. Editioun vun dësem Fest. An anengems gouf och den 33. Gebuertsdag gefeiert, well Redu deemools duerch dat Fest Bicherduerf ginn ass. Et war deemools ee vun de raren Bichermaart, déi an den Ardennen organiséiert ginn ass.
Weider Informatiounen an Evenementer am Duerf fannt der op hirem Internetsite, souwéi op hirer Facebooksäit.
An der Librairie "De Eglantier & Crazy Castle" hunn ech mer d'Buch "L'instant magique" vum Kristin Hannah kaf.


The whole easter weekend, from Saturday til Monday, there was the festival of books in Redu, Belgium. The streets from the village were filled with tents and stands with books during these three days.
I went there Saturday to see it by my own. The parking cost 4 euro. This ticket was valid during the three days.
The organisers and exhibitors had the chance to have good weather, at least on Saturday. It stayed dry and I could take a comfortable walk through the stands and have a look at the books. In every little street from this village were shops and stands. They also had animations and exhibitions during this festival, and authors as well, which gave autographs or had a reading.
This was the 33rd edition of the festival of books. At the same time it was the 33rd birthday of Redu as a book village, because of this event. At that time, it was one of the rare book markets hold in the Ardennes.
You can find some information and events from the village on the Internet site and on the Facebook page from this village as well.
In the bookshop "De Englantier & Crazy Castle" I bought the book "L'instant magique" by Kristin Hannah.







No Comments Yet, Leave Yours!