Social Icons

Thalia im Rheinpark-Center (Neuss)


Duerch Zoufall sinn ech läschte Weekend laanscht den Rheinpark-Center zu Neuss gefuer. A well ech e bëssen Zäit hat, sinn ech op de Parking vun deem groussen Akafszenter gefuer.
Dobannen ginn et eng ganz Rei vu verschidde Butteker, dorënner d'Librairie "Thalia". Dëse Buttek ass op zwee Stäck verdeelt an et kënnt een op deenen zwee Stäck eran. An der Entrée vum Rez-de-chaussée befannen sech Postkaarten a gutt Affairen. Dobannen befënnt sech op der lénker Säit den Bestseller-Stand a riets ass e Comptoir vum "tolino". Et handelt sech dobäi em een E-Book-Reader, deen an Zesummenaarbecht vu verschidden däitschen Librairien (Thalia, Club Bertelsmann, Weltbild an Hugendubel) mat der däitscher Telekom erfonnt an entwéckelt gouf, fir eng nei E-Reading-Léisung fir däitsch Bicher ze fannen. Dësen E-Book-Reader ass säit 2013 um Mäert. Hannen op deem Stack fënnt een DVDen an et kann een eng Rulltrap oder normal Trapen benotzen fir op den éischte Stack ze kommen. Um éischte Stack fënnt een nach eng Kéier de selwechten Bestseller-Stand, awer och een Deel mat Kannerbicher, een Kaddoseck an d'Keess. Et ass e frëndlechen a geraimegen Buttek, an ech si frou, dat ech deen entdeckt hunn.
Hei hunn ech mir d'Buch "Die Inselfrauen" vum Sylvia Lott kaf. Informatiounen zu den vereenzelten Thalia-Filialen fënnt een op folgender Internetsäit. Et gëtt och eng Säit op Facebook fir all d'Librairien vun Thalia.


Last weekend I passed the Rheinpark-Center in Neuss by accident. As I had a little time, I drove to the parking of this shopping center.
In this "Center", you have a lot of different shops, the bookshop "Thalia" thereunder. This shop is situated on two floors and you can enter it on every floor. On the entry from the ground floor, you'll find postcards and bargains. Inside you have the Bestseller stand on the left side and a counter for "tolino" on the right side.  This is an E-Book-Reader, that has been invented and developped by four bookshops (Thalia, Club Bertelsmann, Weltbild an Hugendubel) in collaboration with the German phone service "Telekom" to give a new E-Reading solution for German books. This E-Book-Reader is on the market since 2013. In the back of this floor, you have DVDs and you can take the moving stairways or the stairs to attain the first floor of the shop. On the first floor you have the same Bestseller stand, but also a part with children books, a corner for gifts and the cashpoint. It's a friendly and spacious shop, and I'm happy I found it.
In this shop I bought the book "Die Inselfrauen" by Sylvia Lott. On this Internet site you can get some information about the detached Thalia chain stores. It also exists a page on Facebook for all the bookshops from Thalia.


No Comments Yet, Leave Yours!