Social Icons

Librairie Scarabaeus an der Stad


Dëse Samschdeg war ech an der Stad wéinst engem Bloggertreffen. Duerch Zoufall war nieft eisem Treffpunkt eng Librairie, an zwar d'Librairie "Scarabaeus". Ech hu vun der Geleeënheet profitéiert a si bis era kucke gaang.
Wéi ech d'Dier opgemaach hunn, koum mer schonn direkt en angenehmen Geroch entgéint. Well kee Client am Buttek war, konnt ech e bëssen mat der Verkeeferin schwätzen. Ech hunn hir erzielt, dat ech iwwer Librairien géif bloggen. Si huet mir dunn gesot, dat d'Librairien ëmmer méi géifen ofhuelen, doduerch dat ëmmer méi Bicher op Amazon oder aner Internetportaler kaf géife ginn. Et hätte schonn e puer Bicherbutteker an der Stad hir Dieren missen zoumaachen. Eleng vum Bicherverkaf kéint si och net iwwerliewen, dofir fënnt een an hirem Geschäft och aner Artikelen, wéi verschidde Steng (Mineralsteng, Heelsteng, ...), Raumspray an Ueleger, Kaarten (Tarot, Meditatiounskaarten, Engelskaarten, ...), Meditatiouns- an Entspanungs-CDen, Statuen vum Buddha, Yoga-Kleeder, ... D'Bicher déi een hei fënnt gehéieren ënner anerem zu den Themen "Orakel", "Liewenshëllef", "Reesen", a nach anerer ...
D'Madamm war och sou frëndlech mir hiren Konferenzraum um éischten Stack ze weisen. Et ginn nämlech och verschidden Events ugebueden, wéi zum Beispill: Klangschalen-Meditation, Fußreflexzonen-Massage, Chakra-Diagnose und -Harmonisierung, ...
An dëser Librairie hunn ech mer d'Buch "Der Elefant, der das Glück vergaß" vum Ajahn Brahm. Et kann een Saachen op folgender Internetsäit online bestellen a weider Informatiounen zu der Libraire kréien. Et besteet och eng Facebooksäit vun dësem Buttek.


This saturday I went to a blogger meeting in Luxembourg city. By accident, there was a bookshop nearby the place where we met, the bookshop "Scarabaeus". I took the chance to go and see this shop. As I entered the room, a pleasant smell obliged me. As there was nobody in this shop, I had the possibility to talk with the saleslady. I told her that I was blogging about bookshops. She said that the numbers of bookshops would decrease, because more and more books would be sold on Amazon or other Internet portals. Different bookshops in Luxembourg had already be closed their doors. She wouldn't survive either, when she only would sell books. That's why you can find articles in this shop like different stones (mineral stones, healing stones, ...), air freshener and oils, cards (tarot, meditation cards, angel cards, ...), meditation and relaxing cds, statues of Buddha, clothes of yoga, ... The books that you find here belong to the themes "oracle", "help for life", "journeys", and some others ...
The lady was so friendly to show me the conference room on the first floor. Several events are offered here, like for example: singing bowl meditation, reflexology, diagnosis and harmonisation of Chakra, ...
In this bookshop I bought the book "Der Elefant, der das Glück vergaß" by Ajahn Brahm. You can buy things online on this Internet site and get some information about the bookshop. It also exists a Facebook page of this shop.

No Comments Yet, Leave Yours!