Social Icons

Apr
28
2016

"k kiosk" an der Belle Etoile


An der Belle Etoile zu Bartreng ass een "k kiosk". Ech war d'läscht Woch dohinner wéinst den "Journées du Livre et du Droit d'Auteur", an dunn hunn ech vun der Geleeënheet profitéiert fir bis an den "k kiosk" ze goen.

Apr
25
2016

"Journées du Livre et du Droit d'Auteur" an der Belle Etoile


D'Ausstellung "Vun der Iddi bis bei d'Buch" war vum 19. bis den 23. Abrëll 2016 an der Belle Etoile. Et war eng Expositioun an Animatiounen ëm d'Bicher, vun der Iddi vun enger Geschicht bis zum Verkaf vum Buch. Et huet sech ëm déi 9. Editioun vun den "Journées du Livre et du Droit d'Auteur" gehandelt.

Apr
24
2016

"E Buch am Zuch (A book in the train)"


Säit 1995 ass den 23. Abrëll den "Internationalen Dag vum Buch". Aus deem Grond huet de Veräin "Freed um Liesen" an Zesummenaarbecht mat dem "Centre National de Littérature (CNL)" an der CFL e Buch erausbruecht, wat den Freiden 22. Abrëll op verschiddenen Garen gratis verdeelt gouf.

Apr
21
2016

Bicherbus

Zu Lëtzebuerg gëtt et de "Bicherbus", deen 1982 gegrënnt gouf. Deemools huet et sech em en Service gehandelt, deen vun der Generalverwaltung vum Kulturministère lancéiert gouf. Et handelt sech em e Bus, ëmgebaut als Bibliothéik op Rieder.

Apr
18
2016

Prix Laurence 2016

Dëst Joer war déi 2. Editioun vum "Prix Laurence". Et handelt sech ëm eng Initiativ vum Jugendhaus Beetebuerg (MJC) an Zesummenaarbecht mat der Beetebuerger Gemeng. Hei geet et drëm, jonk Leit ze motivéieren fir ze schreiwen an hinnen eng Plattform fir hir Literatur ze ginn.

Apr
14
2016

Bücherhaus Karlsruhe

Op mengem Weekendtrip duerch Karlsruhe, sinn ech laanscht dëst Gebai getrëppelt. Natierlech ass et mir direkt opgefall an ech hu missen eng Foto dovunner maachen. Heiheem sinn ech nosiche gaang, wat et mat där Librairie op sech huet.

Apr
11
2016

Librairie Ernster an der Stad


Wéi ech déi läscht Woch an der Stad war, sinn ech bis an d'Librairie Ernster gaang. Et war déi éischte Kéier, dat ech dobanne war.  Vu baussen gesäit et net ganz grouss aus, mee wann een erageet, gesäit een, e Panneau deen engem matdeelt, dat de Buttek iwwer méi Stäck verdeelt ass.

Apr
7
2016

"club" am Pommerlach


Am Shopping Center Knauf am Pommerlach befënnt sech d'Librairie "club". Et handelt sech em eng belsch Librairie-Chaîne an am Pommerlach ass deen eenzegen Buttek op lëtzebuergeschem Terrain.

Apr
4
2016

Librairie Scarabaeus an der Stad


Dëse Samschdeg war ech an der Stad wéinst engem Bloggertreffen. Duerch Zoufall war nieft eisem Treffpunkt eng Librairie, an zwar d'Librairie "Scarabaeus". Ech hu vun der Geleeënheet profitéiert a si bis era kucke gaang.