Social Icons

Bicherbus

Zu Lëtzebuerg gëtt et de "Bicherbus", deen 1982 gegrënnt gouf. Deemools huet et sech em en Service gehandelt, deen vun der Generalverwaltung vum Kulturministère lancéiert gouf. Et handelt sech em e Bus, ëmgebaut als Bibliothéik op Rieder.
Et si keng Sëtzer méi dran, mee Regaler gefëllt mat Bicher an e klenge Comptoir mat der Keess. De Bus hält op engem festgeluechten Arrêt, ëm eng festgeluechten Auerzäit. An där Zäit kënnen d'Leit de Bicherbus besichen a sech Bicher ausléinen. No dräi oder véier Wochen kënnt de Bicherbus dann nees op den selwechten Arrêt. Et schreift een sech an an et kritt een eng Kaart, op där d'Bicher gespäichert sinn, déi een ausgeléint huet. Säit 2010 gehéiert de Bicherbus zu der "Bibliothèque nationale de Luxembourg".
De Bicherbus huet am Ganzen 16 verschidde Routen uechtert dat ganzt Land.
Op hirer Internetsäit fannt dir all Informatioun, ënner anerem zu de Routen an dem Aschreiwen.


In Luxembourg, there is an extraordinary library called "Bicherbus", which was established in 1982. The general administration of the ministry of culture introduced it then. It is a real bus rebuilt as a library on wheels. There are no seats, but bookshelves an a cashpoint. The bus is holding on definited stops, at a definited time. At this time, people can visit the "Bicherbus" and borrow books. After three or four weeks, the bus is holding on this stop again.  You have to inscribe yourself and then you get a card. On this card, the books that you borrow will be memorised. Since 2010, the "Bicherbus" belongs to the "Bibliothèque nationale de Luxembourg".
The "Bicherbus" has 16 different routes through the whole country.
You get the information about the routes and the registration letter on the internetsite .

(c) www.guichet.public.lu



No Comments Yet, Leave Yours!