Social Icons

"E Buch am Zuch (A book in the train)"


Säit 1995 ass den 23. Abrëll den "Internationalen Dag vum Buch". Aus deem Grond huet de Veräin "Freed um Liesen" an Zesummenaarbecht mat dem "Centre National de Littérature (CNL)" an der CFL e Buch erausbruecht, wat den Freiden 22. Abrëll op verschiddenen Garen gratis verdeelt gouf.
Des Aktioun gëtt et schonn säit 1999 an all Joers kënnt e Buch mat engem neien Thema eraus. Doranner befannen sech Auszich vu lëtzebuergeschen Auteuren a vun auslänneschen Auteuren, déi zu Lëtzebuerg wunnen.
Leider hat ech keng Geleeënheet, de Freiden op eng Gare ze goen fir mer e Buch sichen ze goen. Mee mäi Mann war esou léif an huet mir e Buch vun der Stater Gare matbruecht. Do war e Stand opgeriicht, wou d'Bicher gratis verdeelt gi sinn. Niewebäi huet eng Museksgrupp lëtzebuergesch Vollekslidder gespillt.
Op der Internetsäit vun "Freed um Liesen" fënnt een ënner anerem e Link fir "E Buch am Zuch".


Since 1995, the 23rd of April is the "World Book Day". For this reason, the association "Freed um Liesen (Joy about reading)" in collaboration with the "Centre National de Littérature (CNL)" and the "CFL (national railway company)" brought out a book that has been distributed for free in different railway stations on Friday 22nd of April.
This activity started in 1999 and every year a book with a new theme was released. In this year's book are extracts of luxembourgish authors and external authors living in Luxembourg.
Unfortunately, I had no time to go to a railway station on Friday to get me a book. But my husband was so kind to bring me a book from the railway station in Luxembourg City. There was a stand from which the books were distributed. Nearby was a music group that played luxembourgish folk music.
On this Internet site from "Freed um Liesen", you can find a link from "A book in the train".


No Comments Yet, Leave Yours!