Social Icons

Librairie Ernster an der Stad


Wéi ech déi läscht Woch an der Stad war, sinn ech bis an d'Librairie Ernster gaang. Et war déi éischte Kéier, dat ech dobanne war.  Vu baussen gesäit et net ganz grouss aus, mee wann een erageet, gesäit een, e Panneau deen engem matdeelt, dat de Buttek iwwer méi Stäck verdeelt ass.
An zwar ginn et nieft dem Rez-de-Chaussée nach véier Stäck: zwee ginn erof an den Keller an zwee erop. Um -2 kritt een déi meescht Saachen fir d'Jugend, vun Schoulbicher iwwer Spiller ass alles mat dobäi. Um -1 kann een d'Bicher bestellen, an dat ass den Deel wou ee Bicher iwwer Informatik, Economie, Sciences, ... kritt. Um Rez-de-Chaussée fënnt een déi aktuell Bicher, Luxemburgensia, awer och Kaddosartikelen wéi Postkaarten, Taassen, ... Um 1. Stack fënnt een déi franséisch an däitsch Literatur souwéi Bicher iwwer Geschicht, Politik, Relioun, ...  An um 2. Stack fënnt een Bicher iwwer Fräizäit, wéi zum Beispill iwwer Reesen, Design, Konscht, Dekoratioun, ...
D'Papeterie vum "Ernster" befënnt sech an engem anere Gebai e puer Haiser ewech.
Hei hunn ech mir d'Buch "Das Apfelblütenfest" vum Carsten Sebastian Henn kaf. Op folgender Internetsäit fënnt een Informatiounen zu deenen verschiddenen Ernster-Librairien. Op hirer Facebooksäit fënnt een ënner anerem Veranstaltungen, déi déi eenzel Librairien organiséieren.


When I was in Luxembourg City last week, I went to the bookshop "Ernster". It was my first time. When you see this shop from the outside, it seems to be very small, but inside you have a main floor, two floors in the basement and two floors upstairs. On the -2, the most things are for the youth, from schoolbooks to games you can find nearly everything. On the -1, you can order books and this is the floor where you find books about informatics, economoy, science, ... On the ground floor, there are current books, Luxemburgensia, but also gifts like postcards, mugs, ... On the first floor is the french and german literature and also books about history, politics, religion, ... And on the second floor, you can find books about leisure time like journeys, design, art, decoration, ...
The stationery from "Ernster" is situated in another building,  few houses away.
In the bookshop, I bought the book "Das Apfelblütenfest" by Carsten Sebastian Henn. On this Internet site you can find some information about all the "Ernster" bookshops. On the Facebook page, you can find the events from the different shops.


No Comments Yet, Leave Yours!