Social Icons

Bücherhaus Karlsruhe

Op mengem Weekendtrip duerch Karlsruhe, sinn ech laanscht dëst Gebai getrëppelt. Natierlech ass et mir direkt opgefall an ech hu missen eng Foto dovunner maachen. Heiheem sinn ech nosiche gaang, wat et mat där Librairie op sech huet.
1813 huet den Här Gottlieb Braun seng Librairie vun Heidelberg op Karlsruhe verluecht, 1828 gouf hien Libraire an Imprimeur vum Haff. Em 1900 krut d'Librairie de Numm "Braunsche Hofbuchhandlung".
1934 huet den Här Adolf Kellner d'Librairie an der Kaiserstraße iwwerholl an se krut de Numm "Braunsche Hofbuchhandlung und Antiquariat". Am Zweete Weltkrich gouf d'Librairie ganz zerstéiert an den Här Kellner huet eng nei Librairie mat ronn 400 Bicher an engem Quartéier an der Herrenstraße opgebaut. 1949 ass den Här Kellner dunn an e sechsstäckegt Gebai an d'Kaiserstraße geplënnert. 1965 huet hien eng zweet Librairie, "Kellner + Moessner Universitätsbuchhandlung GmbH", opgemaach, direkt nieft der Universitéit. Am selwechte Joer huet den Adolf sech zeréckgezunn an huet sengem Bouf, dem Thomas Kellner, d'Geschäftsleedung iwwerlooss. Dësen huet dunn Filialnetzer zu Karlsruhe an Ettlingen opgebaut.
D'Haaptgebai an der Kaiserstraße, "Braunsche Universitätsbuchhandlung Thomas Kellner GmbH  & Co. KG", gouf am Mäerz 2006 wéinst Insolvenz zou gemaach.
Leider hunn ech net erausfonnt, firwat dat Gebai "Bücherhaus" op der Fassad stoen huet. Sollen do villäicht nach Bicher dran ze fanne sinn?
Op folgender Internetsäit fënnt een nach d'Filialen, déi vun där Librairie bestinn.


On my weekend trip to Karlsruhe, I went near this building. It attracted my attention and I had to take a picture of it. At home, I checked up what this bookshop was about.
In 1813 Mr Gottlieb Braun relocated his bookshop from Heidelberg to Karlsruhe, and he got bookseller and typographer of the court in 1828. About 1900 the bookshop got the name "Braunsche Hofbuchhandlung" .
In 1934 a man called Adolf Kellner took over the bookshop and it got the name "Braunsche Hofbuchhandlung und Antiquariat". In World War II, the bookshop was completely destroyed and Mr Kellner has built up an accomodation in the Herrenstraße with about 400 books. In 1949 Mr Kellner moved in a six floors building in the Kaiserstraße. 1965 he opened a second bookshop, "Kellner + Moessner Universitätsbuchhandlung GmbH" straight near the university. In the same year, Adolf retired and transfered the management to his son, Thomas Kellner. The son was building up some agencies in Karlsruhe and Ettlingen.
The parent house in the Kaiserstraße, "Braunsche Universitätsbuchhandlung Thomas Kellner GmbH  & Co. KG", had to be closed because of insolvency.
Unfortuanetly, I didn't find out why "Bücherhaus" is written on this building. Are there some books left? Maybe?
On this Internet site, you can find the bookshops that still exist.


No Comments Yet, Leave Yours!