Aug312016
Aug
31
2016
"Buchhaus Wittwer" zu Stuttgart
Zu Stuttgart gëtt et d'"Buchhaus Wittwer", e wierklech grousst Bichergeschäft mat véier Stäck an zwou Entrée'en.
Aug242016
Aug
24
2016
Ausstellung um "Summerdag vun der Literatur" am cnl
Nieft de Liesungen an de Gespréicher, déi um "Summerdag vun der Literatur" gehale goufen, war och eng Ausstellung am Gebai vum cnl. Et huet sech natierlech alles em Bicher gedréit.
contents:
cnl,
Lëtzebuerger Literatur,
Summerdag vun der Literatur
location:
Mersch, Luxemburg
Aug192016
Aug
19
2016
Georges Hausemer um "Summerdag vun der Literatur"
De leschten Auteur vun dësem Dag war den Georges Hausemer mat sengem Buch "Der Schüttler von Isfahan".
contents:
cnl,
Lëtzebuerger Literatur,
Summerdag vun der Literatur
location:
Mersch, Luxemburg
Aug112016
Aug
11
2016
Linda Graf um "Summerdag vun der Literatur"
Linda Graf huet hiert Buch "Die Tage, die Dinge" virgestallt. Et handelt sech em e Buch mat Kuerzgeschichten, wat op däitsch geschriwwen ass.
contents:
cnl,
Lëtzebuerger Literatur,
Summerdag vun der Literatur
location:
Mersch, Luxemburg
Aug92016
Aug
9
2016
Isabel Spigarelli um "Summerdag vun der Literatur"
Tëscht den zwee Poeten Tom Nisse an Lambert Schlechter huet d'Isabel Spigarelli hire Roman "Nichts zu danken" virgestallt. Dëst Buch ass op däitsch geschriwwen an handelt ëm eng eeler Damm, déi am Altersheem lieft.
contents:
cnl,
Lëtzebuerger Literatur,
Summerdag vun der Literatur
location:
Mersch, Luxemburg
Aug52016
Aug
5
2016
Tom Nisse an Lambert Schlechter um "Summerdag vun der Literatur"
Well den Tom Nisse an den Lambert Schlechter sech géigesäiteg interviewt hunn, hunn ech et passend fonnt, déi zwee Auteuren zesummenzesetzen.
contents:
cnl,
Lëtzebuerger Literatur,
Summerdag vun der Literatur
location:
Mersch, Luxemburg
Aug12016
Aug
1
2016
Michel Clees um "Summerdag vun der Literatur"
Nom Gespréich vum Samuel Hamen mam Claudine Muno huet den Michel Clees eng Liesung zu sengem Buch "Abreise" gehalen.
contents:
cnl,
Lëtzebuerger Literatur,
Summerdag vun der Literatur
location:
Mersch, Luxemburg
Jul212016
Jul
21
2016
Claudine Muno um "Summerdag vun der Literatur"
Den Ufank vun de Liesungen huet Claudine Muno gemaach mat hirem Buch "Komm net kräischen", wat, wéi den Titel et scho verréit, op lëtzebuergesch geschriwwen ass.
contents:
cnl,
Lëtzebuerger Literatur,
Summerdag vun der Literatur
location:
Mersch, Luxemburg
Jul142016
Jul
14
2016
Summerdag vun der Literatur
Dësen Sonnden, 10. Juli 2016, war deen 2. "Summerdag vun der Literatur" am Centre national de littérature (CNL) zu Miersch. Et war e gefëllten Programm, deen vun 11:00 bis 16:00 Auer gaangen ass. Et stoungen 7 Liesungen vun jeeweils 20 Minutten vun lëtzebuergeschen Auteuren um Programm mat engem ofschléissenden Gespréich vun 10 Minutten.
contents:
cnl,
Lëtzebuerger Literatur,
Summerdag vun der Literatur
location:
Mersch, Luxemburg
Jun162016
Jun
16
2016
"Relay" on the Faro Airport
Um Fluchhafen zu Faro (P) gëtt et am Deel nom Check-in folgenden Kiosk: "Relay". Vu baussen gesäit een schonn d'Bestselleren an der Vitrinn, op englesch an portugisesch.
Jun92016
Jun
9
2016
"Papelaria e Livraria" in Faro (P)
An der "Rua Ferreira Neto" befënnt sech eng weider Libraire. Vu baussen gesäit een direkt, dat et sech em eng Papeterie handelt, mat all den Schoulartikelen an der Fënster.
Jun62016
Jun
6
2016
"Livrarias Europa - America" in Faro (P)
An der Foussgängerzon zu Faro, wou de Kiosk och steet, ass dësen Bicherbuttek ze fannen. Leider hat deen zu där Auerzäit zou, wou ech do war, an ech konnt net era kucke goen.
May262016
May
26
2016
"club" Airport Charleroi
Zu Charleroi (B) um Fluchhafen hunn ech nom Check-in een "Club" entdeckt. Natierlech hunn ech direkt missen kucke goen an Fotoen maachen.
contents:
"club"
May92016
May
9
2016
"k kiosk" am Cactus Angelduerf
Och am Cactus zu Angelduerf befënnt sech e "k kiosk". Wann een duerch d'Haaptentrée geet, fënnt een dësen Buttek direkt op der rietser Säit.
May22016
May
2
2016
"Lies & Iess"
"Lies & Iess" ass eng Sandwicherie an der Stad, wou een och aner Saachen, ewéi Papeterie, Séissegkeeten, Gedrénks, ... kafe kann. Des Sandwicherie befënnt sech vis-à-vis vum Campus Geesseknäppchen.
contents:
Sandwicherie,
stationery
Apr282016
Apr
28
2016
"k kiosk" an der Belle Etoile
An der Belle Etoile zu Bartreng ass een "k kiosk". Ech war d'läscht Woch dohinner wéinst den "Journées du Livre et du Droit d'Auteur", an dunn hunn ech vun der Geleeënheet profitéiert fir bis an den "k kiosk" ze goen.
Apr252016
Apr
25
2016
"Journées du Livre et du Droit d'Auteur" an der Belle Etoile
D'Ausstellung "Vun der Iddi bis bei d'Buch" war vum 19. bis den 23. Abrëll 2016 an der Belle Etoile. Et war eng Expositioun an Animatiounen ëm d'Bicher, vun der Iddi vun enger Geschicht bis zum Verkaf vum Buch. Et huet sech ëm déi 9. Editioun vun den "Journées du Livre et du Droit d'Auteur" gehandelt.
contents:
"Journées du Livre et du Droit d'Auteur"
location:
Route d'Arlon, Bertrange, Luxemburg
Apr242016
Apr
24
2016
"E Buch am Zuch (A book in the train)"
Säit 1995 ass den 23. Abrëll den "Internationalen Dag vum Buch". Aus deem Grond huet de Veräin "Freed um Liesen" an Zesummenaarbecht mat dem "Centre National de Littérature (CNL)" an der CFL e Buch erausbruecht, wat den Freiden 22. Abrëll op verschiddenen Garen gratis verdeelt gouf.
contents:
"Freed um Liesen",
Internationalen Dag vum Buch
location:
Place de la Gare, Luxembourg, Luxemburg
Apr212016
Apr
21
2016
Bicherbus
Zu Lëtzebuerg gëtt et de "Bicherbus", deen 1982 gegrënnt gouf. Deemools huet et sech em en Service gehandelt, deen vun der Generalverwaltung vum Kulturministère lancéiert gouf. Et handelt sech em e Bus, ëmgebaut als Bibliothéik op Rieder.
Apr182016
Apr
18
2016
Prix Laurence 2016
Dëst Joer war déi 2. Editioun vum "Prix Laurence". Et handelt sech ëm eng Initiativ vum Jugendhaus Beetebuerg (MJC) an Zesummenaarbecht mat der Beetebuerger Gemeng. Hei geet et drëm, jonk Leit ze motivéieren fir ze schreiwen an hinnen eng Plattform fir hir Literatur ze ginn.
Apr142016
Apr
14
2016
Bücherhaus Karlsruhe
Op mengem Weekendtrip duerch Karlsruhe, sinn ech laanscht dëst Gebai getrëppelt. Natierlech ass et mir direkt opgefall an ech hu missen eng Foto dovunner maachen. Heiheem sinn ech nosiche gaang, wat et mat där Librairie op sech huet.
Apr112016
Apr
11
2016
Librairie Ernster an der Stad
Wéi ech déi läscht Woch an der Stad war, sinn ech bis an d'Librairie Ernster gaang. Et war déi éischte Kéier, dat ech dobanne war. Vu baussen gesäit et net ganz grouss aus, mee wann een erageet, gesäit een, e Panneau deen engem matdeelt, dat de Buttek iwwer méi Stäck verdeelt ass.
location:
Rue du Fossé, 1536 Luxembourg, Luxemburg
Apr72016
Apr
7
2016
"club" am Pommerlach
Am Shopping Center Knauf am Pommerlach befënnt sech d'Librairie "club". Et handelt sech em eng belsch Librairie-Chaîne an am Pommerlach ass deen eenzegen Buttek op lëtzebuergeschem Terrain.
Apr42016
Apr
4
2016
Librairie Scarabaeus an der Stad
Dëse Samschdeg war ech an der Stad wéinst engem Bloggertreffen. Duerch Zoufall war nieft eisem Treffpunkt eng Librairie, an zwar d'Librairie "Scarabaeus". Ech hu vun der Geleeënheet profitéiert a si bis era kucke gaang.
Mar282016
Mar
28
2016
Fête du Livre à Redu
Vun Ouschtersamschdeg bis Ouschterméindeg war zu Redu an der Belscht d'Fest vum Buch. D'Stroossen vun dësem Bicherduerf waren während deenen 3 Deeg gefëllt mat Zelter a Stänn voll mat Bicher.
Mar242016
Mar
24
2016
Thalia im Rheinpark-Center (Neuss)
Duerch Zoufall sinn ech läschte Weekend laanscht den Rheinpark-Center zu Neuss gefuer. A well ech e bëssen Zäit hat, sinn ech op de Parking vun deem groussen Akafszenter gefuer.
location:
Breslauer Str., 41460 Neuss, Deutschland
Mar212016
Mar
21
2016
Reisebuchladen Karlsruhe
Leider hat ech keng Geleeënheet an dëse Bicherbuttek ze goen, well ech net genuch Zäit zu Karlsruhe hat an eréischt spéit am Owend duerch Zoufall laanscht getrëppelt sinn. Mee ech wollt iech et net virenthalen.
Mar172016
Mar
17
2016
Libo Dikrech
A mengem Post vum 29.02.2016 hunn ech iwwer d'Libo zu Wolz beriicht. Et handelt sech ëm eng Papeterie-Chaîne zu Lëtzebuerg, wou een och Bicher ze kafen kritt.
Mar142016
Mar
14
2016
Librairie Zimmer zu Dikrech
Des Librairie kennen ech säit menger Lycéeszäit, well ech meeschtens an deem Geschäft meng Schoulbicher kafe komm sinn. Et war awer elo schonn eng länger Zäit hier, dat ech net méi hei war.
Mar102016
Mar
10
2016
"k kiosk" an der Lëtzebuerger Gare
Wéi ech eng Kéier mam Zuch an d'Stad gefuer sinn an nach bëssen Zäit hat, sinn ech bis an de "k kiosk" gaang, deen sech am Gebai vun der Lëtzebuerger Gare befënnt. Et handelt sech haaptsächlech em e Kiosk, mat masseg Zäitschrëften, klenge Snacken a Gedrénks. Mee si hunn awer och en Eck wou een eng Partie Bicher a verschidde Sproochen ze kafe kritt.
location:
Place de la Gare, Luxembourg, Luxemburg
Mar32016
Mar
3
2016
Stephanus Karlsruhe
D'Librairie Stephanus befënnt sech um Eck vun der Herrenstraße zu Karlsruhe. Virun der Dier befannen sech Regaler mat verschidde Bicher a Postkaarten. Bannen gëtt et nieft dem Rez-de-Chaussée och e Stack am Keller, dee genotzt gëtt.
location:
Herrenstraße, Karlsruhe, Deutschland
Feb292016
Feb
29
2016
Libo Wolz
D'Libo ass eng Librairie an Papeterie Chaîne hei zu Lëtzebuerg an et gëtt se véiermol am Land: an der Stad, zu Gréiwemaacher, Dikrech a Wolz. Well ech am Norde wunnen, ginn ech gréisstendeels an déi zu Wolz. Säit Mëtt Juni 2015 ass des Libo an engem neie Gebai, awer nach ëmmer an der Groussgaass.
location:
Grand-Rue, 9530 Wiltz, Luxemburg
Feb222016
Feb
22
2016
Pocket Shop am Frankfurter Flughafen
Um Frankfurter Fluchhafen, wou ech am Dezember 2015 op der Sich nom nächsten Terminal war, sinn ech op den Pocket Shop (by thalia.de) gestouss.
contents:
Bookshop,
Pocket Shop,
Thalia
Feb182016
Feb
18
2016
De' Bücherladen in Trier
De' Bücherladen befënnt sech zu Tréier an der Akafsstrooss, net wäit vun der Porta Nigra ewech. Et handelt sech em e léiwen klengen Buttek, wou een awer vill Bicher dra fënnt.
Feb152016
Feb
15
2016
Thalia Karlsruhe
Op mengem Weekendtrip op Karlsruhe am Januar sinn ech an den Thalia an d'Kaiserstraße gaang. Sou e grousst Bichergeschäft hunn ech perséinlech nach net gesinn. Do ginn et Rulltrapen an dat ganzt Geschäft ass op véier Stäck verdeelt. Et war och déi éischte Kéier, dat ech an der Schlaang hu misse stoen fir ze bezuelen. Wéi schéin ze gesinn, dat et nach souvill Leit ginn, déi Bicher liesen an hir Bicher an enger Librairie kafen!
location:
Kaiserstraße, Karlsruhe, Deutschland
Feb112016
Feb
11
2016
Press & Books um Findel
Um
Findel hunn ech am Dezember fir d’éischt d'Librairie Press & Books, P&B
entdeckt. Et handelt sech ëm e klenge Bicherbuttek, wou een Zäitschrëften a
Bicher an de Sproochen englesch, franséisch an däitsch kritt. Donieft kritt een
awer och Reesbicher an Souvenirsartikelen vu Lëtzebuerg. Dee Buttek kann een awer nëmmen besichen, wann een agecheckt huet.
Feb82016
Feb
8
2016
Mayersche Trier
D'Gebai vun der Mayersche zu Tréier fällt vu baussen schon direkt op mat sengen héichen Fënsteren, an dat op dräi Stäck verdeelt. Baussen gesäit ee schonn Dëscher mat Bicher gefëllt.
location:
Kornmarkt, 54290 Trier, Deutschland
Feb42016
Feb
4
2016
Librairie Alinéa
D'Libraire Alinéa befënnt sech an enger klenger Stross bei der Foussgängerzon an der Stad, direkt nieft der Confiserie Namur. Duerch Zoufall fënnt een déi net, et muss een se scho bewosst opsichen. Am séiersten kënnt een dohin, wann een bei den "Théâtre des Capucins" parke geet.
location:
Rue Beaumont, 1219 Luxembourg, Luxemburg
Feb12016
Feb
1
2016
Buchhandlung Schmetz am Dom in Aachen
Nodeems ech de Samschden 12. Dezember 2015 iwwert den Oochener Chrëschtmäert beim Dom am Münsterplatz getrëppelt sinn, hunn ech do d'Buchhandlung Schmetz am Dom entdeckt. Säit 2011 befënnt sech des Librairie neierdéngs um Münsterplatz 7-9.
location:
Münsterpl., 52062 Aachen, Deutschland
Jan282016
Jan
28
2016
Buchhandlung M. Jacobi's Nachfolger in Aachen
Den Samschden 12. Dezember 2015 sinn ech mat mengem Mann op de Chrëschtmäert op Oochen gefuer. Well et awer nach virun 11 Auer war an dofir d'Buden nach zou, si mir nach bëssen ronderëmspazéiert an sinn op d'Buchhandlung M. Jacobi's Nachfolger gestouss.
Jan252016
Jan
25
2016
Buchhandlung Stephanus in Trier
Zu Tréier ginn et verschidde Libairien, dorënner d'Buchhandlung Stephanus.
Den Dag wou ech do war, huet et gereent. Et stongen Dëscher mat Bicher virun der Dier. Fir dat näischt dru géif kommen, waren Baatschen doriwwer geluecht ginn. Sou konnt een, trotz dem Reen, d'Bicher gesinn.
location:
Fleischstraße, 54290 Trier, Deutschland
Jan212016
Jan
21
2016
Librairie Ernster an der Belle Etoile
Ech hu mer d'Librairie Ernster zu Bartreng an der Belle Etoile erausgesicht, well ech am Internet gelies hunn, dat do e Café géif dozou gehéieren.
D'Librairie befënnt sech um éischten Stack an ass an zwee Deeler agedeelt:
Jan182016
Jan
18
2016
Wantergeschichten an der Bibliothéik Eschduerf
Den Donneschden 10. Dezember 2015 sinn ech fir 19 Auer op Eschduerf (L) gefuer, fir mir an der Bibliothéik d'Wantergeschichten ulauschteren ze goen. Ech hat op facebook iwwer deen Virliesowend gelies.
Wéi ech do ukomm sinn, gouf ech léif vun der Inhaberin begréisst an hunn dierfen mat nolauschteren, obwuel d'Wantergeschichten fir Kanner vu 4 bis 8 Joer geduecht waren.
Deen hënneschten Deel vun der klenger, gemittlecher Bibliothéik war mat Léift dekoréiert:
Jan142016
Jan
14
2016
Moien an wëllkomm
Moien,
Ech sinn d'Lucie, a mat dësem Post fänkt mäint neit Liewen als Bloggerin un.
Ech hu vu Kand un ëmmer gär Bicher gelies a sinn nach ëmmer gär a Bichergeschäfter gaang. Fir mech ass dat eng Aart Schatzkëscht, wou et vill Schätz z'entdecken gëtt.
Ech wär frou, wann dir mat deel huelt u menge Reesen an d'Bicherwelten a mir dobäi hëlleft, méi Reesen ze plangen.
Op verschidde Plazen wäert ech mer dann och en neien Schatz zouleeën. Dir wäert an Zukunft um Kaf vu menge Bicher gesinn, wat ech am léifste liesen.
Mech interesséiert awer och, wou dir är Schätz gär kafe gitt a wat fir eng Plazen een als Bicherfrënd muss gesinn hunn. Dofir géif ech mech op Kommentaren an Iddien vun iech freeën. Dir fannt mech op Facebook oder dir kënnt mir awer och gär E-Maile schreiwen.
Op vill schéi gemeinsam (Bicher-)Entdeckungen!
Léif Gréiss,
Lucie
Hi there,
I'm Lucie, and my life as a blogger begins right now.
As a child, I've always loved to read books and to go visit bookshops. For me, a bookshop is like a treasure chest, where a lot of treasures can be discovered.
I would be happy to have you with me on my journeys in the world of books. And I would appreciate you helping me finding new book places to travel.
I'll find my treasures in different places and based on the choice of books I buy, you will learn about my reading preferences.
But I also want to know your favorite places to buy books or which places a book lover has to see. I am happy about all comments and ideas. You can join me on facebook or write me a mail.
I hope we will have plenty of book discoveries together!
Booklove,
Lucie